Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass eng Funktioun, déi mam Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschaf gouf[1]

Dëse Kommissär ass zoustänneg fir d'Ausschaffen an d'Ëmsetze vun engen 20‑Joresplang ronderëm d'Lëtzebuergescht. Hie gëtt dobäi vun engem interministerielle Comité begleet. De Kommissär suergt och fir eng national Plattform, op där all Formatiounen, Course fir Lëtzebuergesch a soss wichteg Informatiounen zesummegedroen an aktualiséiert ginn.[2].

Hie kuckt, datt d'Offer vu Coursen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt adequat didaktescht Material disponibel ass. De Kommissär mécht och de Suivi vun de Kloen iwwer de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer.[2]

De Marc Barthelemy gouf am Oktober 2018 vum Regierungsrot als éischte Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch ernannt.[2] Zanter dem 1. Januar 2023 ass de Pierre Reding säin Nofollger.[3][4]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loi du 20 juillet 2018 relative à la promotion de la langue luxembourgeoise
  2. 2,0 2,1 2,2 "Marc Barthelemy Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch genannt." Communiqué vum 12-10-2018 op gouvernement.lu.
  3. (fr)Memorial A n°596 vum 2. Dezember 2022. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-02-05.
  4. Pierre Reding: Invité vum Dag / Maurice Molitor (Interview). Radio 100,7 (14. 2. 2023). Gekuckt de(n) 22.2.2023.