Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire
De Ministère fir Energie a Landesplanung, dacks just Energieministère genannt, (fr: Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire) war bis de 16. November 2023 e Ministère zu Lëtzebuerg. En huet engersäits d'Energiepolitik vum Land verfollegt a koordinéiert, haaptsächlech d'Ziler fir eng nohalteg energeetesch Versuergung sécherzestellen an en iwwerwaacht anersäits d'Koordinatioun vun de kommunalen, interkommunalen, nationalen an internationale Fachpoliticken, déi eng Auswierkung op d'Landesentwécklung hunn. En observéiert och de Suivi vun der raimlecher Entwécklung.
Ministère fir Energie a Landesplanung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Claude Turmes |
Leedung | Claude Turmes |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 4, place de l'Europe L-1499 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 5. Dezember 2018 |
Um Spaweck | https://mea.gouvernement.lu/fr.html, https://mea.gouvernement.lu/de.html, https://mea.gouvernement.lu/en.html, https://mea.gouvernement.lu/lb.html |
De Ministère gouf vum Ministère fir Wirtschaft a vum Ministère fir Wunnengsbau a ländlechen Ausbau ersat.
Allgemenges änneren
Den Energie-Departement war zoustänneg fir eng sécher Versuergung a follgende Beräicher bäizebehalen an ze stäerken:
- Stroum,
- Äerdgas,
- Fest a flësseg Brennstoffer,
- Erneierbar Energien,
- Energieeffizienz an Energiespuermesuren,
- Europäesch Politik an international Relatiounen,
- Promotioun vun den Aktivitéiten an den energeeteschen Technologien,
- Myenergy.
Déi eenzel Aktivitéitsberäicher vum Departement fir Landesplanung begräifen ë. a.:
- raimlech Strategien,
- verbindlech Pläng,
- stättesch a regional Entwécklung,
- Naturparken,
- grenziwwergräifend Landesplanung,
- europäesch territorial Zesummenaarbecht,
- international Landesplanungspolitik.
Kompetenz vum Ministère änneren
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert der Kompetenz vum Energieministère waren, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.