E Stroumnetz ass an der Elektrotechnik en Netzwierk vun elektresche Stroumleitunge wéi zum Beispill Fräileitungen oder vun ënnerierdesche Kabelen. Zum Stroumnetz gehéieren Installatioune wéi zum Beispill Schalttafelen, Ëmspaanstatioune mat Schaltfelder an Traffoe wou d'Spannung erop- oder eroftransforméiert gëtt, ugeschlosse Kraaftwierker déi Stroum aspeisen an ugeschlossen elektresch Verbraucher wéi zum Beispill Stéit, Bürosgebaier oder Industriezonen.

Illustratioun vun engem Stroumnetz
UCTE

Matenee verbonne Stroumnetzer wéi zum Beispill d'ENTSO-E (fréier UCTE) nennt ee Verbondnetz. E Stroumnetz dat vun anere getrennt ass, ass en Inselnetz. A Verkéiersmëttelen ass et d'Bordnetz.

Um Spaweck änneren

Kaart vum ENTSO-E Netz, d'europäescht an d'nordafrikanescht Verbondnetz.