Mathias Ulrich

lëtzebuergesche Jurist, Fonctionnaire a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mathias Ulrich, gebuer 1801 zu Weimeschkierch an der deemoleger Gemeng Eech, gestuerwen an der Nuecht vum 3. op de 4. November 1863 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Fonctionnaire a Politiker.

Mathias Ulrich
Gebuer 1801
Weimeschkierch
Gestuerwen November 1863
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

1848 war hie Member[1] vun der der Assemblée des États.

An der Regierung Willmar war hie vum 2. Dezember 1848 bis den 23. September 1853 Administrateur général fir den Interieur, a provisoresch Administrateur général fir Bauten a Gemengen.

Duerch kinneglech-groussherzogleche Beschloss vum 2. November 1853 krut hien eng Nominatioun[2] als Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech.

1856 war hien Deputéierten an der Chamber a vun 1857 bis 1860 Member vun der Assemblée des États.[3]

Duerch kinneklech-groussherzogleche Beschloss vum 29. Dezember 1860 krut hien eng provisoresch Nominatioun[4] als Direkter vun der Administration des contributions, des accises et du cadastre.

Hien ass an der Nuecht vum 3. op de 4. November 1863 am Alter vun 62 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.[5]

Literatur änneren

  • Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S.530-531.

Referenzen änneren

  1. Als/Philippart (kuckt Literatur), S. 530.
  2. Kinneklech-groussherzogleche Beschloss vum 2. November 1853 am Mémorial N° 88 vun 1853, S. 774.
  3. Als/Philippart, S.531.
  4. Kinneklech-groussherzogleche Beschloss vum 29. Dezember 1860 am Mémorial vum 4. Januar 1861, Zweeten Deel, N° 1, S. 2.
  5. Luxemburger Wort vum 12. November 1863, S. 3