Abrëllsblumm
D'Abrëllsblumm (Anemone nemorosa L.) ass eng Bléieplanz aus der Gattung Anemon (Anemone), déi zu der Famill vun de Botterblummen (Ranunculaceae) gehéiert.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Ranunculales |
Famill | Botterblummen |
Gattung | Anemone |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Anemone nemorosa | |
L. |
Nimm änneren
De wëssenschaftleche Gattungsnumm gëtt dacks op dat griichescht Wuert ánemos (= "Wand") zeréckgefouert, mä den Urspronk schéngt éischter beim arabeschen Numm an-nu'mān (= Blutt) ze leien[2], eng Bezeechnung fir eng Planz déi rout blitt, wéi d'Adonis[3].
Den Aartennumm ass dat laténgescht Adjektiv nemorosa/-us = "am Schiet".
Dem Henri Klees no huet d'Aart nach follgend Nimm: Bloderblumm, Bëschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Kéisblimmchen, Këschteblumm, Läffelsblumm, Läffelkraut, Mäerzblumm, Ouschterbléi, Schankeblumm, Heckebloum, Pottschambsbloum[4].
Beschreiwung änneren
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 10 a 25 cm grouss a blitt tëscht Mäerz an Abrëll/Mee. Hir Blieder sinn tëscht 5 an 12 cm laang, mëttelgréng, mat dräi ofgerënnte Wutzen, a mat klengen Zänn laanscht d'Säiten. Se huet eng wäiss eenzel Bléi mat 6 - 8 Bléieblieder, déi tëscht 2 an 3 cm grouss ass, déi heiansdo och liicht rosa ka sinn. Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wäit ëm d'Planz ausbreet. De Som gëtt vu Seechomesse verspreet.
Verbreedung änneren
D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Géigenden, an an de Bierger, an de Bëscher an op Wisen ze fannen.
Gëftegkeet änneren
D'Planz, déi Protoanemonin enthält, ass gëfteg.
Literatur änneren
- Genaust, H. 2017. Etymologisches Wörterbuch der botanischen Pflanzennamen. 6. Aufl. Verlag Springer Basel AG. ISBN 978-3-86820-149-9.
- Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
- Kraus, Mathias, 1887. Die einheimischen Giftpflanzen / mit naturgetreuen Abbildungen auf 21 colorirten Tafeln aus der litographischen [sic] Anstalt von J. F. Schreiber in Esslingen. 104 S. Verlag von J. Erpelding, Luxemburg.
Kuckt och änneren
Notten änneren
- ↑ Dës Lithographie vum Jakob Ferdinand Schreiber steet nieft der Säit 10 am Buch "Die einheimischen Giftpflanzen" vun 1887.
- ↑ Cf. Genaust 2017: 62 an der Literatur.
- ↑ Z. B. d'Summer-Adonis (Adonis aestivalis L.)
- ↑ Cf. Klees 1994 Nr. 31 / S. 3 an der Literatur.
Um Spaweck änneren
Commons: Anemone nemorosa – Biller, Videoen oder Audiodateien |