Marie de Zorn
D'Marie de Zorn, gebuer 1625, a gestuerwen de 6. November 1691[1], war eng „Wohltäterin“ a gëllt als d'Grënnerin vum Zivilhospiz zu Lëtzebuerg.
Marie de Zorn | |
---|---|
Gebuer |
1625 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 6. November 1691 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
D'Marie war dat eenzegt Kand vum Affekot Jean de Zorn a senger zweeter Fra Louise de Marche.
Liewen
ännerenËm d'Zäit wéi de Provënzialrot et fir néideg fonnt huet, d'Kontroll an d'Gestioun vum Hospice Saint-Jean am Gronn z'iwwerdenken, huet d'Marie de Zorn hire Projet realiséiert fir zu Lëtzebuerg e klenge Communautéit vu karitative Schwësteren oder Infirmièren ze grënnen. D'Stëftung gouf mat Lettres patentes vum 3. August 1667 accordéiert an d'Marie de Zorn huet 1671 e puer Elisabetherinnen-Schwëstere vun Oochen op Lëtzebuerg komme gelooss, déi se an hirem Elterenhaus vis-à-vis vun der Méchelskierch um Fëschmaart opgeholl huet (do wou méi spéit d'Villa Werling gebaut gouf). D'Elisabetherinne ware bekannt dofir, datt si sech an den Déngscht vun de Kranken an Aarme gestallt hunn.
1672 ass d'Stëftung mam nei gegrënnte Spidol am Gronn fusionéiert ginn an d'Nonne goufen offiziell mat der Fleeg am Spidol chargéiert, ënner der Konditioun datt s'och ambulant Krankefleeg an der Stad géife maachen.
Wéi d'Marie de Zorn 1691 gestuerwen ass, ass hiert Verméigen (warscheinlech 8.000 Daler) un d'Elisabetherinne gaangen.
Éierung
ännerenFir un de d'Marie de Zorn z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 2. Mäerz 1936 decidéiert, zu Gaasperech eng Strooss no hir ze nennen: d'Rue Marie de Zorn verbënnt de Millewee mat der Rue Caroline Baldauff-Rothermel[2].
Literatur
änneren- Bour, Roger. Wer ist wer in Luxemburg?: 1500 bedeutende Persönlichkeiten aus 1500 Jahren Geschichte, Politik, Wissenschaft, Kunst, Literatur, Musik, Sport usw. : [1500 Biographien, 825 Portraits, 83 Wappen, 36 Stammtafeln]. Lamadelaine: R. Bour, 2000. Print.
- Hermes, Emile: Vor genau 300 Jahren: anno 1684. Eine große Wohltäterin in Stadtgrund: Marie de Zorn. In: Grund, Société de gymnastique: 100 Joer Grönnesch Turner. Luxembourg, 1984, pp. 81- 82.
Um Spaweck
änneren- Les maîtres de l'hôpital St Jean de Luxembourg:
- Nouvelle ère de prospérité, In: T'Hémecht, S. 33
- 3ᵐᵉ Période: de 1672 à 1797. In: T'Hémecht, S. 45.
- 300 Jahre wirken die Schwestern der hl. Elisabeth in Luxemburg 1672 1972. In: Luxemburger Wort, 125. Jg., n° 246 (25.10.1972), S. 11.
- Auf den Spuren der Luxemburger Klöster und Orden Marie de Zorn und das Hospital der Schwestern der Hl. Elisabeth. In: Revue, 39. Jg., nº 18 (03.05.1984), S. 58.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Nouvelle ère de prospérité. T'Hémecht, S. 33. (01.10.1957). Gekuckt de(n) 11.10.2024.
- ↑ (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 11.10.2024.