Marie Juncker-Christnach
lëtzebuergesch Politikerin
D'Marie Christnach, bestuet Juncker-Christnach, gebuer den 22. Dezember 1911 zu Beetebuerg, a gestuerwen am September 1988, war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin.[1]
Marie Juncker-Christnach | |
---|---|
Gebuer |
22. Dezember 1911 Beetebuerg |
Gestuerwen | September 1988 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Si huet sech op lokalem Plang an der LSAP engagéiert, a gouf 1970 als éischt Fra an de Gemengerot vu Beetebuerg gewielt. Si war bis 1975 Gemengeconseillère, a gouf dann nees 1982 erëmgewielt, wou se, och als éischt Fra, bis 1987 Schäffin war.
Si war mam Eisebunner Jean-Pierre Juncker bestuet.
Zu Fenneng gouf, fir u si z'erënneren, eng Strooss no hir genannt.
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Rue Marie Juncker-Christnach rues-au-feminin.lu, nogekuckt 26.09.2024.