En Infirmier (Mann) oder eng Infirmière (Fra), och nach Krankefleeger oder Krankefleegerin genannt, ass eng Fachkraaft an der Medezin, déi sech ëm d'Fleeg an d'Betreiung vu Patienten a verschiddene Gesondheetsetablissementer wéi Spideeler, Fleegeheemer, Dokteschcabineten an am haislechen Ëmfeld këmmert. Hir Haaptaufgaben ëmfaassen d'Iwwerwaache vum Gesondheetszoustand vum Patient, d'Ausféiere vun den Instruktioune vum Dokter, d'Administratioun vu Medikamenter, d'Ënnerstëtze vun diagnosteschen Tester an therapeutesche Moossnamen an d'Berodung an d'Ënnerstëtzung vun de Patienten an hirer Famill.

En Infirmier (lénks) an eng Infirmière (hannen) mat engem Patient.

D'Ausbildung zum Infirmier ass reglementéiert a geschitt a spezialiséierte Beruffsschoulen, déi déi theoretesch an déi praktesch Aspekter vun der Fleeg kombinéieren. Zu Lëtzebuerg ass dat de Lycée technique pour professions de santé (LTPS), wou d'Grondausbildung véier Joer dauert, dovun zwee Joer am Secondaire an zwee Joer am Enseignement supérieur.[1] Fir de Beruff kënnen auszeübe muss den Infirmier e staatlechen Examen ofleeën. Fir zu Lëtzebuerg kënnen als Infirmier ze schaffen, muss een eng Beruffserlabnes vum Gesondheetsministère hunn.[2]

Krankefleeger schaffen enk mat Dokteren an anerem Gesondheetspersonal zesummen a spillen eng zentral Roll am Gesondheetssystem. Si droe weesentlech zur Heelung an dem Wuelbefanne vun de Patiente bäi a sinn dacks déi éischt Uspriechpartner fir d'Bedierfnesser vum Patient am Alldag vum Spidol. De Beruff erfuerdert vill Empathie, Belaaschtbarkeet a Fachkompetenz.

Den Aide-soignant ënnerstëtz d'Infirmiere bei hirer Aarbecht.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Infirmieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. frontaliers-grandest.eu: Responsable des soins généraux (13. Mäerz 2004)
  2. cns.public.lu: Krankenpfleger (gekuckt den 23 . August 2024)