D'Mangelbeek ass eng Baach an der belscher Provënz Limburg.

D'Mangelbeek zu Lummen

Et ass eng kleng Baach déi op hirem Laf vu ronn 16 km duerch d'Gemengen Houthalen-Helchteren, Heusden-Zolder a Lummen leeft.

Si entsteet an engem suppegen Dräieck am Oste vun der Uertschaft Lillo, deen tëscht den Nationalstroossen N 715 an N 719, an den Dierfer Lillo an Houthalen läit.

Kuerz viru Lillo kritt se vu riets hiren éischten Niewefloss de 'Winterbeek. Si leeft vun do u weider no Westen, fir 1.500 m méi wäit ënner der SNCB-Linn 15 erduercht ze lafen.

Nërdlech vun Zolder lafen erëm vu riets d'Schaamsbeemdenbeek an d'Berkenbosbeek dran.

Kuerz éier se ënner der Nationalstrooss N 72 erduerch leeft fiddert se d'Weiere vum Schlass vu Meylandt, an op der Héicht vum ornithologesche Reservat Meylandt-Oobeek, leeft vu lénks d'Oude Molenbeek dran.

Ronn 2 km duerno leeft se duerch e Siphon, fir ënner dem Albertkanal erduercht ze kommen.

Direkt duerno leeft vu riets de d'Jantenbeek dran, an 1 km weider leeft se ënner dem Verdeeler Lummen erduercht.

Duerno leeft se südlech laanscht Lummen, tëscht de Schlässer De Burg an Hamel fir 2 km duerno ënner der SNCB-Linn 35 erduercht, an direkt duerno an d'Demer ze lafen.

Op der Streck vu 16 km verléiert se 30 Meter un Héicht.