D'Schlass De Burg oder och De Burgh ass dat eelst Schlass an der Gemeng Lummen a läit op engem Hiwwel am Dall vum Mangelbeek.

D'Schlass De Burg

Am Joer 1203 huet de Grof Ludwig II. vu Loon dem Prënz-Bëschof vu Léck, Hughes de Pierpont, d'Schlass verkaaft.

Duerno war et vun 1350 bis 1837 Besëtz vun der Famill de La Marck. Dës Famill huet dem Fürstentum Léck en ettlech Prënzbescheef geliwwert, wéi den Adolphe de La Marck, den Engelbert III. de La Marck, an den Érard de La Marck, an e puer anerer déi léiwer Krich gefouert hunn, wéi de Guillaume I. de La Marck, och nach Everzwijn van den Ardennen (fräi iwwersat: Wëllschwäi vun den Ardennen) genannt, an de Guillaume II. de La Marck säin Ur-Kandskand, och nach Lumey genannt.

Dëse gouf bekannt als Admirol vun de Gueux de la mer, der hollännescher Flott, déi fir d'Oranier, géint Spuenier 1572 gekricht huet, an d'Stad Den Briel eruewert huet.

D'Schlass wéi et haut do steet, gouf Enn vum 19. Joerhonnert am neoklassesche Stil gebaut.

Am Schlass wunnt d'Famill vum Jonkheer Biers de Lumey.

Koordinate vum Schlass: 50° 58’ 55’’ N 05° 11’ 45’’ O