Ee Siphon ass eng Virriichtung an enger Kanalisatioun, wou keng Loft kann drakommen, well e sou ugeluecht gëtt, datt en ëmmer ganz ënnergedaucht ass.

E Siphon ënner engem Feldwee

Am Sanitärberäich gëtt en dofir agebaut, fir datt kee schlechte Geroch aus de Kanalisatioune kann eropkommen.

Fréier si grouss Siphone vun de Réimer beim Bau vun hiren Aqueduce gebraucht gi fir keng ze héich Brécke brauchen ze bauen (z. B. d'Aqueduc-Bréck zu Moret-sur-Loing wou de Siphon knapps 2600 m laang ass).

Beim Waassertransport an oppene Kanalisatiounen, zum Beispill a Spuenie fir d'Uebstplantagen ze nätzen, kann ee se haut nach op Schratt an Tratt gesinn, iwwerall do, wou sou ee Kanal eng Strooss schneit.

An der Speleologie fënnt ee Siphonen a Grottesystemer, déi vun ënnerierdesche Waasserleef duerchzu sinn.

Ee Siphon ass awer och nach eng speziell Fläsch, wou dat, wat dran ass, ënner Drock steet, soudatt een et kann eraussprëtzen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Siphonen – Biller, Videoen oder Audiodateien