Makrokosmos
Makrokosmos (vum griichesch makros = grouss, cosmos = de Weltraum, "grouss Welt") ass de Géigesaz zu Mikrokosmos. De Makrokosmos beschreift dat Grousst, deen Deel vun der Welt, dee vum Mënsch net méi ouni technesch, gedanklech oder mathematesch Hëllefsmëttel gräifbar gemaach ka ginn. Sou fänkt streng geholl de Makrokosmos schonn um Horizont un, wou de Mënsch d'Krëmmung vun der Äerduewerfläch an der Reegel net méi ka gesinn. De Makrokosmos ass also alles, wat wéinst senger Dimensioun, déi iwwer d'Begrëffsméiglechkeete vun de mënschleche Sënner erausgeet, net méi ouni Hëllefsmëttel observéiert ka ginn.
Zeeche vum Makrokosmos
ännerenAm Goethe sengem Faust (Deel 1), an och am Urfaust, mierkt de Faust am Monolog d'Zeeche vum Makrokosmos. An der Mëtt vum Zeeche steet de Merkur. Ronderëm fënnt een d'Venus, de Mars, de Jupiter, de Saturn, d'Sonn an den Äerdmound.
Fuerschung
ännerenZanter der Antiquitéit beschäftege sech Philosophen, Theologen a Wëssenschaftler mat dem Opbau vun der Welt an entwéckelen Theorien iwwer d'Struktur vum Makrokosmos.
Mat Hëllef vun Teleskopen a Radioteleskope versicht d'Astronomie den Opbau vum Weltraum a sengem Urspronk z'erklären.