Maj Sjöwall / Per Wahlöö

(Virugeleet vu(n) Maj Sjöwall)

D'Maj Sjöwall an de Per Wahlöö war eng schweedesch Schrëftsteller-Koppel, déi vun 1965 bis 1975 eng Kriminalroman-Serie geschriwwen hunn, Roman iwwer e Verbriechen an deenen de Martin Beck Detektiv bei der Stockholmer Police d'Haaptroll spillt.

Maj Sjöwall / Per Wahlöö

D'Maj Sjöwall änneren

D'Maj Sjöwall, gebuer de 25. September 1935 zu Stockholm, a gestuerwen den 29. Abrëll 2020 zu Landskrona, war eng schweedesch Schrëftstellerin a Journalistin. Si war d'Meedche vum Will Sjöwall an der Margit Trobäck.

No Studium fir Journalistin a Graphikerin huet si a verschiddenen Zeitungen an Zäitschrëften als Reporterin oder Graphikerin geschafft. Vun 1959 bis 1961 war si Editeur am Verlagshaus Wahlstöm & Widstrad. Do huet se de Per Wahlöö begéint, dee fir déi selwecht Firma geschafft huet. D'Joer drop hu se sech bestuet an hunn ugefaange Kriminalromaner zesummen ze schreiwen.

De Per Wahlöö änneren

De Per Fredrik Wahlöö gouf de 5. August 1926 zu Tölö, Halland gebuer, an hien ass den 22. Juni 1975 zu Malmö u Kriibs gestuerwen.

Éier hie sech mat der Maj Sjödall 1962 bestuet huet, war hie vun Enn vu sengem Studium 1946 un, Kriminalreporter. No ville Reesen uechter d'Welt huet hien zu Stockholm geschafft, wou e seng spéider Fra kennegeléiert huet.

Romaner vum Per Wahlöö änneren

  • 1959: Himmelsgeten, d: Foul Play
  • 1961: Vinden och regnet, d: Wind und Regen
  • 1962: Lastbilen, d: Das Lastauto
  • 1963: Uppdraget, d: Liberted!
  • 1964: Mord på 31:a våningen, d: Mord im 31. Stock (1977), den éischte Roman mam Inspekter Jensen
  • 1964: Det växer inga rosor på Odenplan, d: Von Schiffen und Menschen
  • 1965: Generalerna, d: Die Generals
  • 1968: Stålsprånget, d: Unternehmen Stahlsprung, den 2. Roman mam Inspekter Jensen

D'Kommissar Beck-Romaner oder Roman iwwer e Verbriechen änneren

Den Ënnertitel Roman iwwer e Verbriechen erkläert d'Maj Sjöwall déi Marxistin ass, [[als d'Verbrieche vun der Sozialdemokratie un der schweedescher Aarbechterklass.

  • 1965:Roseanna, d: Die Tote im Götakanal (1968)
  • 1966:Mannen som gick upp i röck, d: Der Mann, der sich in Luft auflöste (1969)
  • 1967:Mannen på balkongen, d: Der Mann auf dem Balkon (1970)
  • 1968:Den skrattande polisen, d: Endstation für neun (1971)
  • 1969:Brandbilen som försvann, d: Alarm in Sköldgatan (1972)
  • 1970:Polis, polis, potatismos!, d: Und die Großen läßt man laufen (1972)
  • 1971:Den vedervärdige mannen från Säffle, d: Das Ekel aus Säffle (1973)
  • 1972:Det slutna rummet, d: Verschlossen und verriegelt (1975)
  • 1974:Polismördaren, d: Der Polizistenmörder (1976)
  • 1976:Terroristerna, d: Die Terroristen (1977)

D'Verfilmungen änneren

Déi éischt schweedesch Martin Beck-Filmer änneren

An den dräi éischte Verfilmungen tëscht 1967 an 1980 gëtt de Martin Beck vum Kewe Hjelm, Carl-Gustaf Lindstedt an Derek Jakobi duergestallt.

D'Martin Beck-Filmer mam Gösta Ekman änneren

  • Martin Beck: Brandbilen som försvann, Regie vum Hajo Gies (1993)
  • Martin Beck. Roseanna Regie vum Daniel Alfredson (1993
  • Martin Beck: Polis, polis, potatimos, Regie vum Pelle Berglund (1993)
  • Martin Beck: Polismördaren, Regie vum Peter Keglevic (1993)
  • Martin Beck: Mannen på balkongen, Regie vum Daniel Alfredson (1993)
  • Martin Beck: Stockholm Maraton, Regie vum Peter Keglevic (1993)

D'RTL-Produktiounen mam Martin Beck änneren

D'Martin Beck-Filmer mam Peter Haber änneren

  • Beck, d: Martin Beck: Der Lockvogel, Regie vum Pelle Seth (1997)
  • Mannen med ikonerna, d: Russisches Roulett, Regie vum Pelle Seth (1997),

Filmer no Romaner vum Per Wahlöö änneren