Marguerite Mongenast-Servais

(Virugeleet vu(n) Maisy Mongenast-Servais)

D'Marguerite ("Meisy" oder "Maisy") Mongenast-Servais, gebuer de 26. Juli 1882 an der Weilerbaach, a gestuerwen den 13. Juni 1925 zu Saint Nicolas-du-Port, war eng lëtzebuergesch Feministin, Sozialistin, Republikanerin an Autorin.

Marguerite Mongenast-Servais
Gebuer 26. Juli 1882
Weilerbaach
Gestuerwen 13. Juni 1925
Saint-Nicolas-de-Port
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École privée Notre-Dame Sainte-Sophie
Aktivitéit Politiker, Fraerechtler
Partei SDP (1903)
Member vun Libre pensée luxembourgeoise
Famill
Papp Émile Servais
Geschwëster Franz Servais

No hire Studien an der Sainte-Sophie an zu Paräis huet si sech bis zu hirem fréien Doud dofir agesat, hiren Dram vun engem méi fräien a sozial gerechte Lëtzebuerg ze verwierklechen. Si war villsäiteg intresséiert an engagéiert, net nëmmen an de soziokulturellen a sozioedukative Veräiner, mä och als Fraerechtlerin, Politikerin a Schrëftstellerin.[1]

D'Meisy Mongenast war ë. a. Pazifistin, Feministin, Sozialistin, Ido-Unhängerin, Republikanerin, Unhängerin vum Guidismus a Schrëftstellerin. En zentraalt Element vun all hiren Engagementer ass anengems och e Schlëssel zu hirer Perséinlechkeet, nämlech d'Oflehnung vu virgefaasste Meenungen an Dogme vun egal wéi engem Bord: Fräiheet, Autonomie an Eegebestëmmung waren déi Wäerter, fir déi si sech engagéiert huet. Deemno verwonnert och net, datt si Comitésmember am "Freidenkerbund", der "Libre pensée" a Grënnerin vun de "Pupilles de la libre pensée" war, wou si sech mat enger däitlech antiklerikaler Rhetorik fir eng fräi Weltusiicht agesat huet, Iddien, déi si am Publikatiounsorgan Der arme Teufel vun der "Libre pensée" onmëssverständlech zum Ausdrock bruecht huet.[1] An der Ausgab vum 18. Oktober 1914 gouf d'Meisy Mongenast sou charakteriséiert: "eine hochgebildete, energische junge Dame, die jedesmal dabei ist, wenn es gilt, der Freiheit und der Kultur eine Gasse zu brechen".[2] Ënnert dem Numm «Ysiem» huet si weiderhi verschidde Gedichter publizéiert.

Si huet an deene Veräiner militéiert, déi de Mënschen zu méi Autonomie a Selbstbestëmmung verhëllefe wëllen. 1918 huet si mat anere Fraen eng Petitioun un d'Chamber geriicht fir d'Aféierung vum Fraewalrecht an an der Sozialistescher Partei huet se de Poste vun der Generalsekretärin iwwerholl. Als Comitésmember vun der Action républicaine huet si sech fir d'Aféiere vun enger Republik zu Lëtzebuerg agesat.[3]

Si war och dobäi fir den Dammebasket ëm 1925 op Been ze setzen am Kader vun der Fédération luxembourgeoise des sports féminins (FLSF).[4]

D'Meisy Mongenast-Servais war mam Ingenieur Paul Mongenast bestuet an d'Koppel hat zwee Kanner: Maurice a Sylla. Si ass d'Enkelin vum fréiere Staatsminister Emmanuel Servais an Duechter vum Ingenieur a liberalen Deputéierten Émile Servais, deen 1919 fir annerhallwen Dag President vun der kuerzlieweger Republik Lëtzebuerg war.

Zu Éiere vun der Meisy Mongenast-Servais ass zu Dummeldeng eng Strooss no hir benannt.

Literatur änneren

  • Baden, Jeff, 2012. Eng aussergewéinlech Fra. D'Marguerite Mongenast-Servais - "eine hochgebildete, energische junge Dame". Virgestallt vum Germaine Goetzinger, Directrice vum CNL. Die Warte 11/2361: 2, 22. Mäerz 2012.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Quell: Baden 2012 an der Literatur.
  2. Quell: Goetzinger, Germaine, 2012. Marguerite Mongenast-Servais. Virtrag vum 14. Mäerz 2012 am Nationale Literaturzentrum.
  3. "Marguerite Mongenast-Servais" op cnl.public.lu.
  4. Les Anciens du Basket: Brochure s.n. November 2014.