Maison de l'Innovation ass e Gebai, dat um Belval genee tëscht den zwéin Héichiewen A a B steet. Et ass en Deel vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation a gouf tëscht Mee 2012 an Oktober 2014 gebaut.[1][2] Den 22. September 2015 gouf et vum Groussherzog Henri, a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, de Ministere Bausch a Meisch an dem Staatssekretär Hansen, zesumme mat der Maison des sciences humaines an der Maison du savoir, ageweit.[3]

Maison de l'innovation
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht,Belval
Koordinaten 49° 30’ 06.2’’ N
      05° 56’ 55.1’’ O
Architekt(en) Bourguignon Siebenaler
Datum vum Bau 2012-2014

D'Gebai huet e rechteckege Grondrëss vun 53 × 43 m Säitelängt, mat bannendran engem Haff vun 23 op 13 m. Et huet eng Héicht vun 23 m (5 Stäck) an huet eng total Fläch vu 15.000 , déi, mat Ausnam vum Rez-de-chaussée, wou Geschäftslokaler hikommen, fir Büroe gebraucht gëtt.[4] Am Ganze ware 36.700.000 Euro fir de Bau virgesinn.[5] Den Entworf ass vum Architektebureau Bourguignon Siebenaler.[6]

An der Maison de l'innovation si verschidden Departementer vum Luxembourg Institute of Science and Technology, d'Servicer vu Luxinnovation a vum Centre de formation professionnelle continue Dr. Widong ënnerbruecht. Ausserdem gëtt et Raim fir theoreetesch Recherche a fir Büroen.[2]

Referenzen änneren

  1. "Cité des Sciences in Belval wächst weiter." wort.lu, 11.01.13 13:49.
  2. 2,0 2,1 "Belval: les clés de trois bâtiments remises. Le futur campus universitaire de Belval prend de plus en plus forme." Communiqué op gouvernement.public.lu, 20-10-2014.
  3. "Inauguration de la maison du savoir, de la maison des sciences humaines et de la maison de l'innovation (cité des sciences, de la recherche et de l'innovation) à Belval." op gouvernement.lu, 22.09.2015 (15:56).
  4. "La Maison de l'Innovation: Pose de la première pierre." magazine, le périodique du fonds belval 1/2013, S.16-17.
  5. "L'innovation à l'ombre des hauts fourneaux" paperjam.lu, 11.01.2013.
  6. "Pose de la première pierre de la Maison de l'innovation." gouvernement.lu, 11-01-2013.