Sedimenter a Sedimentgestengs entstinn duerch d'Oflagerung (Sedimentatioun) vu Material u Land, a Flëss, a Séien an am Mier. Hinne géintiwwer steet d'magmatescht Gestengs, dat duerch d'Kalgi vu flëssegem Gestengs entstanen ass; sief et bannen an der Äerd (plutonescht Gestengs wéi z. B. Granit), sief et op der Äerduerwerfläch (vulkanescht Gestengs oder Eruptivgestengs wéi z. B. Basalt).

Couchë vu Muschelkallek-Sedimenter an den Alpen, bei Garmisch-Partenkirchen
Sandsteen aus dem Trias
Couchë vu Sandsteen a Leem am Flysch (Karpaten).

Je nodeem kënne Sedimenter labber sinn, oder awer zu Steng kompaktéiert.

Sedimenter a Sedimentgestengs, ginn, hirem Ursprong no, agedeelt a klastesch, biogen a cheemesch Sedimenter a Réckstandsgestengs.

Sedimentssteng sinn déi eenzeg Steng, an deene Fossilie sinn. D'Konsistenz an d'Zesummesetzung vu Sedimenter hänkt vun den direkten Awierkunge vun der Äerdatmosphär, der Hydrosphär an der Biosphär, deemno de Konditiounen of, wéi s'entstane sinn. Well déi mat der Zäit änneren (duerch Ëmweltaflëss o. a.) ännere sech och d'Sedimentsloen. Sou kann een haut spezifesch Periode bestëmmen, an deene Sedimenter mat verschiddene Proprietéiten (oder Fossilien, déi dran ze fanne sinn), entstane sinn. Déi nennt ee sedimentär Fazies.

All Gestengs zu Lëtzebuerg ass Sedimentgestengs.

Literatur änneren

  • Hans Füchtbauer (Hrsg.): Sedimente und Sedimentgesteine (= Sediment-Petrologie. Band 2). 4., gänzlich neubearbeite Auflage. Schweizerbart'sche Verlagsbuchhandlung, Stuttgart 1988, ISBN 3-510-65138-3.
  • Walter Maresch, Olaf Medenbach: Gesteine. Steinbachs Naturführer. Mosaik-Verlag, München 1996, ISBN 3-576-10699-5.
  • Roland Vinx: Gesteinsbestimmung im Gelände. 4. Auflage, Springer-Verlag, 2014, ISBN 978-364255418-6, S. 265–351.

Um Spaweck änneren

Commons: Sedimentgestengs – Biller, Videoen oder Audiodateien