Grenzmaark vu Bech-Maacher

D'Grenzmaark vu Beech-Maacher ass eng vun de véier eenzege bekannte Maarke laanscht d'Musel, déi als Zeie vum Grenzvertrag tëscht Holland a Preisen vun 1816 iwwereg sinn. Déi zweet mam N° 8 steet bei Wuermer laanscht Wäistrooss an déi drëtt vis-à-vis vun där op der däitscher Säit. Eng Maark mat der N°5 steet um Lieu-dit Rothaus an der däitscher Gemeng Nennig.

D'Grenzmaark am August 2018.

De 26. Juni 1816, hunn den hollännesche Kinnek Wëllem I. an der preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm III. zu Oochen e Grenzvertrag ënnerschriwwen, an deem d'Grenzen tëscht Holland a Preise festgehale goufen.

Den Artikel 2 am Originaltext:

La ligne de démarcation commencera sur la Moselle, au point où sur la rive droite cette rivière quitte les limites de la France; descendra la Moselle jusqu'à l'embouchure de la Sure; remontera la Sure jusqu'à l'embouchure de l'Oure; suivra également en remontant le cours de l'Oure jusqu'au point où ce ruisseau atteint les Limites du ci-devant Canton de St. Vith, sauf toutefois les modifications établies par les articles suivants.

Am Artikel 42 vum Vertrag ginn d'Zeechen um Terrain beschriwwen, mat deenen d'Grenze siichtbar markéiert solle ginn:

Ces poteaux seront de bois de chêne de la longueur de 12 pieds du Rhin, 8 hors de terre et 4 en terre; ils seront carres, la partie en terre sera de 12 pouces d'épaisseur au moins, et celle hors de terre de 8; ils seront peints du côté de la Prusse en noir et blanc, et du côté des Pays-bas en orange et blanc; ils seront numerotés en commençant à la Moselle.

No 1840 goufen déi hëlze Maarken, déi zum groussen Deel verschwonne waren, sief et datt se ewechgeholl gi waren, oder duerch Héichwaasser matgerappt gi waren duerch stengener ersat.

Geographesch Koordinaten: 49° 31’ 59’’ N 06° 21’ 22’’ O