D'Baujoer ass dat Joer, an deem eppes gebaut gouf. Dat kann am Prinzip all gréisseren Objet sinn, wéi zum Beispill en Auto, e Fliger oder eng Maschinn, awer och Bauwierker wéi e Wunnhaus, eng Kierch oder eng Bréck. Bei villen Objeten ass d'Baujoer als Bestanddeel vun den techneschen Informatiounen op enger Plaquette uginn.

Als Baujoer vun engem Gebai gëllt d'Joer vun der Fäerdegstellung fir de Gebrauch (also net nëmmen de Réibau). Bei verschiddene Gebaier ass d'Baujoer och op dem Gebai selwer uginn, dacks iwwer dem Agank, et kann awer och eng aner Plaz op der Fassad sinn.

Goufe Gebaier duerch e Schued (z. B. duerch e Stuerm oder e Feier entstan) onbrauchbar a spéider nees an d'Rei gesat, gëllt weiderhin dat ursprénglecht Baujoer. Bei komplett zerstéierte Gebaier (z. B. duerch e Krich) déi nees nei opgebaut goufe gëllt als Baujoer d'Joer vun der Fäerdegstellung vum Neibau.

An der Schëfffahrt gëllt beim Bau vu gréissere Schëffer, déi iwwer e puer Joer gebaut goufen, als Baujoer d'Fäerdegstellung vum Schëff, an der Reegel d'Joer, an deem et vun der Werft un d'Reederei iwwergi gouf.

Bei Motorgefierer, bei deenen et registréiert Modelltype gëtt, ënnerscheed een tëscht dem Baujoer an dem "Modelljoer". Anescht wéi beim Baujoer kann ee vum Modelljoer den technesche Stand vun engem Gefier ofliesen.