Luxemburg, USA
Luxemburg, USA ass en Documentaire vum Lëtzebuerger Regisseur Christophe Wagner.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch |
Première | 26. Oktober 2007 |
Dauer | 90 min |
Originalsprooch |
Englesch Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Christophe Wagner |
Dréibuch | Christophe Wagner |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek |
André Mergenthaler Giuliano Arpetti |
Schnëtt | Jean-Luc Simon |
Produzent |
CNA Nowhereland Productions Les Films de la Mémoire Télésparks Lëtzebuerg a Groussregioun Kulturhaaptstad 2007 |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
En hat de 26. Oktober 2007 Première am Utopolis um Kierchbierg an am Centre Culturel Jacques Franck zu Saint-Gilles (Bréissel), am Kader vun Europalia.
Ëm wat geet et am Film?Änneren
De Film beschreift d'Liewe vun de Kands-Kandskanner vu Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert an de Midwest vun de Vereenegte Staaten ausgewandert sinn. Thematiséiert ginn d'geschichtlech Hannergrënn vun dëser Emigratioun, mä och d'Liewensweisen haut an engem ländlechen, éischter konservative Raum.
KritikÄnneren
Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]
Portrait d'un grand pays un peu perdu, il regorge de moments délicieux type Strip-Tease, qui mettent à nu, avec beaucoup de tendresse, les caractéristiques et les paradoxes des Américains d'aujourd'hui. Seul petit bémol : Christophe Wagner a voulu en faire trop et se perd parfois dans les histoires parallèles [...]
SossÄnneren
4.428 Leit hunn de Film am Kino gesinn.[2] En ass ass am November 2008 op DVD erauskomm.
De Film gouf am Kader vun der Europäesch Kulturhaaptstad 2007 (Lëtzebuerg a Groussregioun) produzéiert. Finanzéiert gouf e gréisstendeels derch d'Asbl, déi fir dat Evenement gegrënnt gouf. De Lëtzebuerger Filmfong war net um Projet vum Film bedeelegt, wat deemools zu Kontroverse gefouert huet.[1]
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 land.lu: My Community My Heritage vum Josée Hansen (11. Oktober 2007)
- ↑ Observatoire européen de l'audiovisuel, Base de donnée Lumière.