Luís Galvão Teles

portugisesche Jurist a Filmregisseur

De Luís Manuel Monteiro Galvão Teles, gebuer de 4. Dezember 1945 zu Lissabon, ass e portugisesche Jurist a Filmregisseur.[1] Hie wunnt zu Lëtzebuerg an huet e puer portugiseschsproocheg Filmer a Koproduktioun mat Lëtzebuerger Filmgesellschafte gedréint.

Luís Galvão Teles
Gebuer 4. Dezember 1945
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Educatioun Universitéit vu Lissabon
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Jurist

Biographie änneren

Dem Luís Galvão Teles säi Papp war och Jurist, genee wéi säi Brudder Miguel. Hien huet Droit op der Universitéit vu Lissabon studéiert a säi Studium do am Joer 1967 ofgeschloss.

Donieft war hien och Regieassistent beim portugiseschen Televisiounssender RTP a huet 1968 um Institut de formation cinématographique zu Paräis studéiert. Hie war e fréie Member vum Centro português de cinema. No der Revolutioun vum 25. Abrëll 1974 huet hien e puer Opnamen iwwer déi Zäit gefilmt, déi Deel vum Documentaire As Armas e o Povo (1975) vun engem Regisseurskollektiv sinn.

1977 huet hien de Spillfilm A confederação – o povo é que faz a história gedréint, deen mat Grousse Präis vum Internationale Filmfestival vu Figueira da Foz ausgezeechent gouf an eng Éierementioun um Filmfestival vu San Remo krut.

Dem Luís Galvão Teles seng Comedie A vida é bela?! (1982) war zwar e grousse Publikumserfolleg mee ass bei de Kritiker duerchgefall.

Hien ass 1986 op Lëtzebuerg komm fir als Jurist um Europäesche Geriichtshaff ze schaffen, a wunnt haut um Briddel.[2] Eegenen Aussoen no war de Luís Galvão Teles och um lëtzebuergesche Film Schacko Klak (1990) bedeelegt.[2]

Eréischt zéng Joer nom leschte Spillfilm huet hie säin nächste Film erausbruecht, Retrato de familia (1991). Deen ass eng Koproduktioun mat der lëtzebuergescher Paul Thiltges Distributions a gouf deelweis zu Lëtzebuerg gedréint.[2] D'Haaptrollen haten de Joaquim de Almeida, dee fir seng Roll als Miguel als "Beschte Schauspiller" um Filmfestival vu Kairo priméiert gouf, an d'Maria de Medeiros.

1997 huet de Luís Galvão Teles seng eege Filmproduktiounsgesellschaft Fado Films gegrënnt, zesumme mat Samsa Film.[2][3] Am selwechte Joer huet hien eng weider lëtzebuergesch Koproduktioun an de Kino bruecht, de franséischsproochege Spillfilm Elles. Am Casting waren e puer grouss Nimm ze fannen, dorënner d'Fransousin Miou-Miou, d'Schwäizerin Marthe Keller, d'Amerikanerin Marisa Berenson an erëm de Portugis Joaquim de Almeida. Elles war deen éischte lëtzebuergesche Film, dee fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" proposéiert war.[4] E gouf awer net nominéiert. De Film gouf och op fënnef Filmfestivalle mat engem Präis ausgezeechent.

Fir de Privatsender SIC huet de Luís Galvão Teles zesumme mat sengem Jong Gonçalo de Fernseefilm A noiva (2000) gedréint, éier en 2003 mat Tudo isto é fado eng weider lëtzebuergesch Koproduktiouns erausbruecht huet. D'Haaptrollen an där Comedie haten den Danton Mello, den Ângelo Torres an d'Ana Cristina de Oliveira. 2007 koum eng weider Comedie, Dot.com eraus. Nieft senger Aarbecht als Regisseur huet hien zënterhir och eng ganz Rei aner Filmer, Documentairen a Fernseeserië produzéiert.

Mat sengem Jong Gonçalo huet hien op en neits 2016 d'portugisesch-spuenesch Koproduktioun Gelo gedréint huet. Et handelt sech ëm e Fantasy-Drama mat der Spuenierin Ivana Baquero an dem Portugis José Afonso Dias Pimentel an den Haaptrollen.

2023 kënnt d'Televisiounsserie Histórias da Montanha eraus, bei där de Luís Galvão Teles Regie gefouert huet.[5]

Filmographie als Regisseur (Auswiel) änneren

  • 1975: As Armas e o povo (als Deel vun engem Kollektiv)
  • 1978: A confederação - O povo é que faz a história
  • 1978: A rapariga dos fósforos
  • 1982: A vida é bela?!
  • 1991: Retrato de família
  • 1997: Elles
  • 2003: Tudo isto é fado
  • 2005: Glamour (Kuerzfilm)
  • 2006: Dot.com
  • 2016: Gelo
  • 2016: Refrigerantes e canções de amor

Referenzen änneren

  1. Biographie op ibermediadigital.com (gekuckt den 11. August 2022)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 wort.lu: Galvão Teles. “O primeiro filme feito no Luxemburgo deixou-me uma mossa na cabeça” vum Vanessa Castanheira (15. November 2019)
  3. Biographie a Filmographie vum Luís Galvão Teles op cinemaportuguesmemoriale.pt
  4. oscars.org: 44 Countries Hoping for Oscar Nominations (24. November 1997; archivéiert)
  5. cm-montalegre.pt: 'Histórias da Montanha' | Série rodada no concelho (4. Mee 2022)