Louis-Ferdinand Céline

franséischen Dokter a Schrëftsteller

De Louis-Ferdinand Destouches, méi bekannt ënner sengem Schreiwernumm Louis-Ferdinand Céline, oder einfach Céline, gebuer de 27. Mee 1894 zu Courbevoie a Frankräich a gestuerwen den 1. Juli 1961 zu Meudon, war e franséischen Dokter a Schrëftsteller.

Louis-Ferdinand Céline
Gebuertsnumm Louis-Ferdinand Destouches
Gebuer 27. Mee 1894
Courbevoie
Gestuerwen 1. Juli 1961
Meudon
Doudesursaach Gehierbluddung
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Romancier, Schrëftsteller, Militär
Famill
Bestuet mat Lucette Destouches

Liewen änneren

Säi Papp, de Fernand Destouches, koum vum Havre a war Privatbeamten am Déngscht vun enger Assurancëgesellschaft, a seng Mamm, gebuer Marguerite Guillou, huet ee Buttek geféiert. Säi Grousspapp, den Auguste Destouches, war Professeur agrégé am Lycée vum Havre gewiescht.

De Louis-Ferdinand Destouches ass zu Paräis grouss ginn an och do, bis zum Certificat d'études, an d'Schoul gaangen. Duerno huet hie sech an Däitschland an an England opgehal, ier en zu Paräis an zu Nice bei verschiddene Bijoutieren an d'Léier gaangen ass.

Mat uechzéng Joer (1912) huet hi sech fräiwëlleg an den 12e régiment de cuirassiers zu Rambouillet gemellt. 1914 gouf hien op der Front an Nordfrankräich blesséiert, wat him eng Invaliditéit vu 75 %, d'Médaille militaire an e Véiert Deckblat am Illustré national N°52 abruecht huet [Source?]. No engem Openthalt zu London krut en 1916 eng Plaz als Handelsagent an der ex-däitscher Kolonie Kamerun. Do ass hien awer vum Paludismus befall ginn, an hien ass 1917 zeréck a Frankräich komm.

1919 huet de Louis-Ferdinand Destouches de Baccalauréat nogeholl an huet duerno e Medezinstudium zu Rennes an zu Paräis gemaach. 1924 huet e seng Dokterthees iwwer dem Dr. Philipp-Ignaz Semmelweis seng Leeschtungen am Beräich vun der Preventivmedezin mat Erfolleg verdeedegt.

Tëscht 1924 an 1928 huet hie fir de Vëlkerbond geschafft, deen hien an d'Vereenegt Staate vun Amerika an a Westafrika geschéckt huet. Vun 1927 un, war hie Praktiker an engem Dispensaire zu Clichy.

Ënner dem Pseudonym "Céline" huet hien 1932 d'Buch Voyage au bout de la nuit publizéiert, fir dat hie mam Prix Théophraste-Renaudot geéiert gouf. 1936 huet hie säin zweet Wierk verëffentlecht: Mort à crédit; an no enger Rees an der Sowjetunioun, huet e Mea culpa erausginn, an 1937 an 1938 Bagatelles pour un massacre a L'école des cadavres.

Zäit vum Zweete Weltkrich änneren

Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, war hien zu Saint-Germain-en-Laye etabléiert. Hie gouf du fir d'Reederei Paquet Dokter um Schëff Chella. De Céline ass dunn op Paräis gaangen an huet de mobiliséierten Dokter vu Sartrouville an deem senger Praxis ersat.

Wärend dem Exode vum Mä-Juni 1940 huet hien eng Ambulanz mat kranke Leit betreit. Duerno ass en zeréck op Paräis gaangen an huet den Dispensaire vu Bezons geleet. 1941 huet e Les beaux draps publizéiert, an 1944 Guignol's Band.

Wärend der Okkupatioun vu Frankräich huet de Céline e puer antisemittesch Artikelen a verschiddenen Zeitungen publizéiert. Domat huet hie säin Numm als gudden a stilistesch innovative Schrëftsteller ruinéiert.

Nokrichszäit änneren

Vun 1944 bis 1951 huet de Céline am Exil gelieft, d'éischt an Däitschland, zu Sigmaringen, wou de Marschall Pétain mat enger Partie Unhänger vun den Nazien a Sécherheet bruecht gi war, an dunn am neutralen Dänemark. Déi dänesch Autoritéiten hunn de Céline zwar festhuele gelooss, mee net ausgeliwwert. No bal engem Joer am Prisong koum hie fräi a konnt sech bei sengem Affekot, dem Me Mikkelsen, néierloossen. A Frankräich gouf e par contumace zu engem Joer feste Prisong verurteelt. Nodeems 1951 en Amnestiegesetz a senger Heemecht gestëmmt gi war, konnt de Céline zeréck a Frankräich goen a sech nees als Dokter zu Meudon installéieren. Do huet hie besonnesch no der aarmer Bevëlkerung gekuckt.

1957 huet den Editeur Gaston Gallimard D'un château l'autre erausginn, ee Buch an deem de Céline seng Erfarungen zu Sigmaringen thematiséiert.

De Céline ass 1961 bei sech doheem gestuerwen. Verschidde vu senge Wierker goufe réischt no 2020 fir d'éischte Kéier verëffentlecht.

Zitater änneren

  • Non l'argot ne se fait pas avec un glossaire, mais avec des images nées de la haine, c'est la haine qui fait l'argot. L'argot est fait pour exprimer les sentiments vrais de la misère, lisez L'Humanité, vous n'y verrez que le charabia d'une doctrine. L'argot est fait pour permettre à l'ouvrier de dire à son patron qu'il déteste: tu vis bien et moi mal, tu m'exploites et roules dans une grosse voiture, je vais te crever... :
aus Propos sur Fernand Trignol et l'argot, aus der Nummer 605 vun Arts, 6. Februar 1957
  • Je crois que je ne dois rien à aucun écrivain. Ce qui m'a influencé, c'est le cinéma. Ah ! ça, le cinéma, je le connais. Le music-hall aussi et puis les journaux, les journaux illustrés principalement. Au fond, mon livre, c'est, en bien des endroits, une sorte de reportage comme on en trouve dans les magazines. Et même, est-ce bien du reportage ? Les souvenirs des choses que j'ai vues dans ma vie ne comptent pas tant que cela. Ce ne sont que des points de départ, des prétextes qui me fournissent l'occasion de noter mes rêves. Car si la littérature a une excuse (je crois bien d'ailleurs que nous arrivons à la fin de la littérature ; mais après tout, peut-être ai-je tort de vous dire cela ; quand on a eu quelque succès dans un genre, on est toujours tenté de croire que ce genre-là va disparaître parce qu'on voudrait se persuader qu'on a été un des seuls à y réussir) ; si la littérature donc a une excuse, c'est de raconter nos délires. Le délire, il n'y a que cela et notre grand maître actuellement à tous, c'est Freud. Peut-être, si vous tenez absolument à me trouver d'autres influences plus littéraires, peut-être que vous pourriez indiquer les livres de Barbusse.:
Aus engem Interview mam Charles Chassé fir La Dépêche de Brest et de l'Ouest vum 11.10.1933

Wierk änneren

Literaresch Wierker änneren

  • 1932: Voyage au bout de la nuit, Paräis, Denoël & Steele
  • 1933: L'Eglise, comédie en cinq actes, Paräis, Denoël & Steele
  • 1936: Mort à crédit, Paräis, Denoël & Steele
  • 1936: Secrets dans l'île,
  • 1936: Mea Culpa, Paräis, Denoël & Steele
  • 1936: La vie et l'oeuvre de Semmelweis
  • 1937: Bagatelles pour un massacre, Paräis, Denoë & Steele
  • 1938: L'école des cadavres, Paräis, Denoël
  • 1941: Les beaux draps, Paräis, Nouvelles Éditions Françaises
  • 1944: Guignol's Band (éischte Band), Paräis, Denoël
  • 1948: A l'agité du bocal,
  • 1948: Foudres et flèches, Paräis, F. Chambriand
  • 1950: Scandale aux abysses, Paräis, F. Chambriand
  • 1950: Casse-pipe (a Buchform)
  • 1952: Féerie pour une autre fois, Paräis, Gallimard
  • 1954: Normance, Paräis, Gallimard
  • 1955: Entretiens avec le professeur Y (a Buchform)
  • 1957: D'un chateau l'autre, Paräis, Gallimard
  • 1960: Nord, Paräis, Gallimard
  • 1964: Guignol's Band II: Le Pont de Londres, Paräis, Gallimard
  • 1969: Rigodon, Paräis, Gallimard
  • 2022: Guerre (éischt Editioun), Paräis, Gallimard / NRF
  • 2022: Londres (Roman, bis ewell onverëffentlecht), Paräis, Gallimard / NRF
  • 2023: La volonté du roi Krogold - La légende du roi René (éischt Editioun); Paräis, Gallimard / NRF

Aner Texter änneren

  • La vie et l'œuvre de Philippe Ignace Semmelweis; Rennes (Simon), 1924 (Dokterthees); 1977 ënner dem Titel "Semmelweis" beim Editeur G. Gallimard erauskomm; 1999 Neioplo an der Collection 'L'Imaginaire' vum Gallimard.
  • Entretiens avec le professeur Y. Paris: Ed. Gallimard, 1955.
  • Arletty, jeune fille dauphinoise. Paris: La flûte de Pan, 1983.
  • Préfaces et dédicaces. Tusson: Du Lérot, 1987.
  • Histoire du petit Mouck. Éditions du Rocher, 1997.
  • L'Église. Paris: Ed. Denoël & Steele, 1933.
  • Foudres et flèches. Paris: Ed. F. Chambriand, 1948.
  • Scandale aux abysses. Paris: Ed. F. Chambriand, 1950.
  • Ballets sans musique, sans personne, sans rien. Paris: Ed. Gallimard, 1959. Ce volume contient les ballets La naissance d'une fée, Voyou Paul, Brave Virginie et Van Bagaden qui figuraient déjà dans Bagatelles pour un massacre, ainsi que Foudres et flèches et Scandale aux abysses.
  • Progrès. Paris: Ed. Mercure de France, 1978.
  • Cahiers de Prison; Paräis (Gallimard), 2019.

Korrespondenz änneren

  • Lettres; Paräis (Gallimard, Bibliothèque de La Pléiade), 2009; Virwuert vum Henri Godard; Editioun vum H. Godard a vum Jean-Paul Louis.
  • Cahiers Céline 5: Lettres à des amies. Ed. Gallimard, 1979.
  • Cahiers Céline 6: Lettres à Albert Paraz 1947-1957. Ed. Gallimard, 1981.
  • Lettres à son avocat: 118 lettres inédites à Maître Albert Naud. Paris: La Flûte de Pan, 1984.
  • Lettres à Tixier: 44 lettres inédites à Maître Tixier-Vignancour. Paris: La Flûte de Pan, 1985.
  • Lettres à Joseph Garcin (1929-1938). Paris: Librairie Monnier, 1987.
  • Lettres à Charles Deshayes, 1947-1951. Paris: Bibliothèque de Littérature Française Contemporaine, 1988.
  • Le questionnaire Sandfort, précédé de neuf lettres inédites à J.A. Sandfort. Paris: Librairie Monnier, 1989.
  • Lettres à la N.R.F. 1931-1961. Paris: Gallimard, 1991.
  • Lettres à Marie Bell. Aigre: Du Lérot, 1991.
  • Céline et les éditions Denoël, 1932-1948. Paris: IMEC, 1991.
  • Lettres à Marie Canavaggia, 1: 1936-1947. Tusson: Du Lérot, 1995.
  • Lettres à Marie Canavaggia, 2: 1948-1960. Tusson: Du Lérot, 1995.
  • Lettres de prison à Lucette Destouches et à Maître Mikkelsen (1945-1947). Paris: Gallimard, 1998.

Literatur iwwer de Céline änneren

  • David Alliot, D'un Céline l'autre (ongeféier 200 verschidden Témoignagen iwwer de Céline, gesammelt vum D. Alliot, an eng syntheetesch Biographie vum Schrëftsteller); Paräis (Robert Laffont, collection 'Bouquins'), 2011; 1172 Säiten.
  • (Kollektiv), Céline, entre génie et provocation; Paräis (Le Monde, hors-série), 2014; 124 Säiten.
  • Henri Godard, À travers Céline, la littérature; Paräis (Gallimard), 2014; 218 Säiten.
  • Henri Godard, Céline; Paräis (Gallimard), 2011
  • Frédéric Vitoux, Céline, l'homme en colère; Essay; Éditions Écriture, 2008
  • Philippe Muray, Céline; Paräis (Gallimard, coll. 'Tel'); 2001
  • Pierre Assouline, Sigmaringen; Paräis (Gallimard), 2014
  • Claude Duneton, Bal à Korsör; Paräis (Grasset), 1994
  • Henri Godard, Céline scandale; Paräis (Gallimard), 1994
  • Philippe Alméras, Céline - entre haines et passion; Paräis (Robert Laffont), 1993
  • François Gibault, Céline; 3 Bänn; Paräis (Mercure de France),
  • Nicholas Hewitt, The Life of Céline. A Critical Biography; Oxford (Blackwell - "Blackwelll critical biographies"), 1999
  • Frédéric Vitoux, Bébert, le chat de L.-F. Céline; Paräis (Grasset), 1976
  • Frédéric Vitoux, Céline; Paräis (Belfond), 1987
  • Frédéric Vitoux, La vie de Céline; Paräis (Grasset), 1988
  • Album Céline; iconographie réunie et commentée par Jean-Pierre Dauphin et Jacques Boudillet; Paräis (Gallimard, Bibliothèque de la Pléiade), 1977.
  • Dominique Lormier, Les années interdites - Auteurs, journalistes et artistes dans la Collaboration; Paräis (L'Archipel), 2018; 271 S.; ISBN 978-2-8098-2522-0

Toundokumenter änneren

Céline, Voyage au bout de la nuit op 16 CD-Audioe liest den Denis Podalydès den integralen Text, bei Frémeaux & Associés, ISBN 2 844680437

Um Spaweck änneren

Commons: Louis-Ferdinand Céline – Biller, Videoen oder Audiodateien