Luftröre

(Virugeleet vu(n) Loftrouer)
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Luftröre (Trachea) ass en Deel vum Hals vum Mënsch an den anere Wierbeldéieren a gehéiert zum Ootmungsapparat. Hir Funktioun ass et fir d'Loft, déi mir ootmen, ze leeden, fiicht ze maachen, ze wiermen an ze botzen.

D'Luftröre als Deel vum mënschlechen Ootmungsapparat

D'Luftröre ass en ca. 10-12 cm laangen elastesche Réierchen, deen am Hals direkt virun der Speiseröre (Oesophage) läit an de Keelkapp mam Bronchialsystem verbënnt. Se fänkt am Hals, direkt ënnerzeg vum Keelkapp un, an endegt am Broschtkuerf (Thorax). Am Hals läit se ventral zur Speiseröre an am Mediastinum bal genee an der Mëtt.

Topographesch gëtt d'Luftröre an en zervikalen (Pars cervicalis) an e mediastinalen Deel (Pars thoracica) opgedeelt.

Klinesches

änneren

Eng Entzündung vun der Luftröre gëtt als Tracheitis bezeechent; se kann infektiéis, allergesch oder duerch cheemesch Reizer entstoen.

E chirurgescht Opmaache vun der Luftröre (Tracheostomie) ass eng Noutfallmoossnam wann déi iewescht Otemweeër blockéiert sinn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Luftröre – Biller, Videoen oder Audiodateien