Hals

Kierperdeel, deen de Kapp mam Rescht vum Kierper verbënnt

Den Hals ass den Deel vum Kierper vum Mënsch a villen anere Wierbeldéieren, deen de Kapp mam Torso verbënnt. En dréit d'Gewiicht vum Kapp a schützt d'Nerven, déi sensoresch a motoresch Informatioune vum Gehier an de Rescht vum Kierper leeden. Donieft ass den Hals ganz flexibel an erméiglecht et dem Kapp, sech a bal all Richtung ze dréinen an ze béien.

Den Hals vun engem Mann.

Am Hals leien d'Halswierbelen, déi Deel vun der Wierbelsail sinn an duerch déi d'Réckemuerch leeft. Donieft fënnt een am Hals och déi iewescht Deeler vun den Otemweeër an dem Verdauungstrakt, d'Schilddrüs an d'Nieweschilddrüsen, Nerven, Muskelen, Arteerien a Veenen.

Déi anatomesch Fachbegrëffer fir den Hals si Collum an Cervix. Alles, wat den Hals betrëfft, gëtt mam Adjektiv „zervikal“ bezeechent.

Beim Mënsch ass d'Strass de viischten Deel vum Hals an d'Genéck den hënneschten Deel ronderëm d'Halswierbelen.

D'Giraffen hunn de längsten Hals am Déiereräich.

Um Spaweck änneren

Commons: Häls – Biller, Videoen oder Audiodateien