Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Keelkapp (Larynx) ass en Deel vum Hals vum Mënsch an den anere Wierbeldéieren an zielt zu den ieweschten Otemweeër am Ootmungsapparat.

De Keelkapp als Deel vum mënschlechen Ootmungsapparat

De Keelkapp ass fir d'Stëmmbildung (Phonatioun) verantwortlech, e schützt d'Stëmmbänner (déi an em leien) grad ewéi den Agang an d'Luftröre a verhënnert, datt Deeler vu Liewensmëttel oder Flëssegkeete beim Schlécken an d'Longe kommen. E besteet aus engem komplexe Knorpelskelett zesumme mat Membranen, Bänner a Muskelen. Déi extrinsesch Muskelen hänken de Keelkapp op den Nopeschstrukturen op a se kënnen de komplette Keelkapp beweegen, iwwerdeems déi intrinsesch Muskelen op d'Spane vun de Stëmmbänner agräifen an esou d'Phonatioun erméiglechen.

D'Vullen hunn och e Keelkapp, awer ouni Stëmmbänner an ouni Keeldeckel (Epiglottis); fir hir Stëmmbildung ass de „Stëmmkapp“ oder „ënneschte Keelkapp“ (Syrinx) verantwortlech.

Klinesches

änneren

Eng Entzündung vum Keelkapp gëtt als Laryngite bezeechent; se kann z. B. duerch eng Infektioun vun den Otemweeër optrieden.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Keelkapp – Biller, Videoen oder Audiodateien