Lisa Berg

lëtzebuergesch Musekerin a Komponistin

D'Lisa Berg, gebuer den 28. Oktober 1978 zu Lëtzebuerg an den 21. Dezember 2017 am CHL u Leukemie gestuerwen[1],[2], war eng lëtzebuergesch Cellistin a Komponistin.

Lisa Berg
Gebuer 28. Oktober 1978
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Dezember 2017
Lëtzebuerg
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Cellist, Komponist

D'Lisa Berg huet mat 6 Joer ugefaange Musek ze léieren. Mat 13 war si um Maastrichter Conservatoire fir Flütt ze léieren. Zu där Zäit huet se ugefaangen Cello ze léieren, fir d'éischt zu Iechternach an der Klass vum Martin Fusenig, duerno am Conservatoire vum Norden beim Raju Vidali, an zu gudder Lescht am Stater Conservatoire beim Claude Giampellegrini. Si huet sech am Conservatoire zu Maastricht beim Frans van der Grinten a beim Mirel Iancovici perfektionéiert, wou si hire Bachelor Diplom an eng Zouloossung fir de Master krut.

Mat 16 Joer huet se hir éischt Schrëtt an akustesche Rock- a Popbands gemaach, méi spéit och a Richtung Crossover an Jazz. Relativ zäitgläich ass si dem Orchester Estro Armonico an dem Ensemble Baroque du Luxembourg bäigetrueden, spéider huet si och wärend e puer Joer un der Säit vum Raju Vidali am Ensemble de la chapelle St Marc Longsdorf gespillt. Aushëllefs-Engagementer hat si och am Luxembourg Sinfonietta an am Kammermusek Veräin Lëtzebuerg.

D'Lisa Berg ass als Orchestermusekerin, als Solistin a Kammermusekerin an dacks a ganz verschiddenen net-klassesche Formatiounen opgetrueden. Sou huet si mam André Mergenthaler an der Judith Lecuit am Cello Trio gespillt, mat der Sascha Ley an dem Frederic Frenay an der Lost in the Stars Tour. Si huet beim Musical Alice Underground matgespillt an hat och an der elektronescher Musek Optrëtter mat DJe wéi dem Fränky Reuter an dem Michel van Tune.

Si huet CD-Opname gemaach fir d'Raquel Barreira, Fluyd, Claudine Muno, Low Density Corporation, Thierry Kinsch, Claude Pauly, Lex Gillen an Dullemajik.

Si ass op verschiddene Festivallen opgetrueden, wéi dem Kuhmo Chamber Music Festival a Finnland, dem Youth Orchestra Festival zu Budapest, dem Korean Music Festival zu Maastricht, dem Iechternacher Festival, dem Wolzer Festival, dem Syrdall Festival, dem Klenge Maarnicher Festival, dem e-Lake festival, asw.

Donieft huet si 2014 och hiren éischte Soundtrack fir den Documentaire "Oro Libre" komponéiert an opgeholl, dee vun der Gaëlle Tavernier an Iris Productions realiséiert gouf.

Zanter 2001 war si Musekléierin an der Réidener Museksschoul.

Highlights an hirer Karriär waren d'CD Opnam (Horizons) fir déi franséisch Grupp Détroit (mam ex Noir Désir Frontman Bertrand Cantat) an eng Rei Live-Optrëtter mat hinnen an der Rockhal an am Ancienne Belgique zu Bréissel.

Fir den DVD Regarder le soleil en face, deen am Mäerz 2015 vun Omega 90 erauskoum, huet si zesumme mam David Ianni d'Musek komponéiert an interpretéiert.

Hire Solo-Album White koum 2015 eraus.

Den 21. Dezember 2018, um 1. Joresdag vun hirem Doud, hunn den David Ianni, den André Mergenthaler an de Serge Tonnar an der Iechternacher Basilika e Gedenkkoncert ginn mam Titel HOPE - A tribute to Lisa Berg, bei deem och Musik vum Lisa Berg agespillt gouf[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lisa Berg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëtzebuerger Cellistin Lisa Berg gestuerwen op RTL.lu den 22. Dezember 2017
  2. Nach schwerer Krankheit, Musikerin Lisa Berg ist tot op wortl.lu vum 22. 12. 2017
  3. HOPE - A tribute to Lisa Berg (complete concert), Video vum Concert op YouTube