Linné (Moundkrater)

Moundkrater

De Linné ass en Aschlagkrater um Äerdmound. En ass nom schweedeschen Naturfuerscher Carl von Linné genannt. Den Numm krut de Krater vum däitschen Astronom Johann Heinrich Mädler a gouf am Joer 1935 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) offiziell festgeluecht.

Linné
Koordinaten 27°45'0"N, 11°48'0"O
Duerchmiesser 2,23 km
Déift 600 m
Selenographesch Längt 348° bei Sonnenopgank
Genannt no Carl von Linné
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12


(en) LRO Video zum Krater Linné.

Lag änneren

De Krater läit op der westlecher Hallschent vum Mare Serenitatis. Seng selenographesch Koordinate sinn 27° 42' Nord an 11° 48' Ost.

Beschreiwung änneren

De Linné huet en Duerchmiesser vun 2,4 Kilometer an ass 600 Meter déif. De klenge Krater huet e schaarfen, kreesronne Rand an ass vun hellem Ausworfmaterial ëmginn, deem säi Kranz en Duerchmiesser vu bis zu 10 Kilometer huet. Bei géi afalendem Sonneliicht liicht en als helle wäisse Fleck. En zielt zu de jonke Strukturen um Mound.

Observatiounsgeschicht änneren

An der Vergangenheet hu verschidden Observateuren en ettlech Verännerunge vun der Form an der Gréisst vum Krater beschriwwen. Si haten ugeholl, datt de Krater en aktive Vulkan wier.

Am 19. Joerhonnert gouf en ënner anerem vum Wilhelm Beer an dem Johann Heinrich Mädler als klengen awer däitlechen an déiwe Krater observéiert, dee mam Krater Bessel ze vergläichen ass. De Beer an de Mädler hu bis 1837 mam Teleskop mat 9,5 cm Ëffnungswäit eng iwwer Joerzéngten oniwwertraffen detailéiert Moundkaart gezeechent. Si haten an engem Buch, mam Titel Der Mond, dat selwecht Joer publizéiert datt de Mound eng doudeg, onverännerlech Welt wier. De Johann Friedrich Julius Schmidt hat am Joer 1866 verbreet, datt de Krater op eemol verschwonne wier an op der Plaz nëmmen nach e wäisse Fleck wier. Dës Meldung hat dann zu engem neien Opliewe vun der Moundfuerschung gefouert.

Zanter 1843 louche keng Observatiounsberichter iwwer de Linné méi vir. Fir den Zäitraum tëscht 1843 an 1866 gouf déi Zäit ugeholl, datt e Moundbiewen de Krater gemaach hätt. Déi ugeholle Verännerunge goufe staark diskutéiert a verschidden Astronomen hunn de Krater nach bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert als Beispill dofir uginn, datt d'Mounduewerfläch sech och an Zäitraim vun der mënschlecher Observatioun verännert. E laange Sträit ëm déi ugeholle vulkanesch Aktivitéit huet bis an d'Joer 1967 gedauert, bis et vum Krater déi éischt Fotoe vun de Moundsonde ginn ass. Haut steet fest, datt d'Hellegkeet vum Haff ëm de Linné, jee no Liichtafallswénkel am Verlaf vun der Moundphas an der Libratioun variéiert.

Wéinst der grousser Opfällegkeet vun der héijer Albedo zielt de Linné a senger Regioun als Haaptkrater; déi no him genannt Niewekratere sinn awer all méi grouss wéi hien.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 28,99° N, 14,36° O7 4 km [1]
B 30,5° N, 14,16° O7 5 km [2]
D 28,73° N, 17,1° O7 4 km [3]
F 32,32° N, 13,93° O7 5 km [4]
G 35,88° N, 13,29° O7 4 km [5]
H 33,75° N, 13,76° O7 3 km [6]

De Krater Linné E gouf am Joer 1973 vun der IAU a Banting ëmgenannt.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

  • Lunar Transient Phenomena
  • Um Spaweck änneren

    Commons: Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien