Als Ejektadecken bezeechent een eng Oflagerung vun Ausworfmaterialn ëm en Aschlagkrater oder e Vulkan.

Entwécklung änneren

Beim Aschlag (Impakt) vun engem klengen Himmelskierper, zum Beispill beim Aschlag vun engem Meteoroid (Asteroid oder Koméit) op der Äerduewerfläch, gëtt beim explosiounsaartegen Ausworf vu Material e Krater gebilt. Dat dobäi ausgeworfent Material gëtt als Ejekta bezeechent.

D'Oflagerung vun der Ejekta nom Aschlag erfollegt, op d'mannst deelweis, duerch fräie Fluch vum ausgeworfene Material, als sougenannt "ballistesch Sedimentatioun". Doduerch bilt sech eng kontinuéierlech Ejektadecken – eng zesummenhängend Decke vun Auswourfmaterial – ëm den Aschlagkrater. Wann am Material gréisser Brochstécker sinn, da kann et och zur Formatioun vu Sekundärkratere kommen.

Bei Ejektadecke vu Vulkaner gëtt wärend den explosive Vulkanausbréch Gestengsmaterial a Lava ausgeworf. Si lagere sech beispillsweis als Tuff- oder Lapillischicht ronnderëm de Vulkan of a bilden eng zouen Decken, déi en ettlech Meter déck ka ginn, a munneche Fäll souguer en ettlech Dose Meter.

Literatur änneren

  • Verne R. Oberbeck: The role of ballistic erosion and sedimentation in lunar stratigraphy. In: Reviews of Geophysics and Space Physics, Jg. 13 (1975), S. 337–362, ISSN 0034-6853