Leschte Steiwer / Dernier Sol (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Leschte Steiwer / Dernier Sol ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 11. September 2022 opgaangen ass.

Leschte Steiwer / Dernier Sol
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 11. September 2022
genannt no Leschte Steiwer
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Bouneweg-Süd
Koordinaten 49°35'38,76"N, 6°8'11,22"O, 49°35'40,38"N, 6°8'10,28"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Gare Centrale,
Lycée Bouneweg

Lag vun der Statioun

änneren

D'Statioun läit um Boulevard de Kyiv am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Gare Centrale am Norden a Lycée Bouneweg am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport
(vu Mäerz 2025 un)
Gare Centrale Leschte Steiwer / Dernier Sol Lycée Bouneweg Stadion

D'Statioun läit an direkter Noperschaft vum Leschte Steiwer an ass och no där Strooss genannt.

Infrastruktur

änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

An der Diddenuewener Strooss huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Dernier Sol).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Leschte Steiwer / Dernier Sol (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

änneren