Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz

D'Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz geet zeréck op en Arrangement tëscht dem Däitsche Räich an dem Groussherzogtum vun 1883.

Déi fréier Streck ongeféier 1.200 Meter hanner dem Tunnel vun Ëlwen
D'Gare vu Wilwerdang am Februar 2009

D'Streck huet vun Ëlwen iwwer Wilwerdang op d'belsch Grenz eng ronn 150 Meter nom Wilwerdanger Tunnel gefouert. Do hat se Uschloss un déi belsch Linn 47 (Sankt Vith - Lengeler), déi zur sougenannter Vennbunn gehéiert huet.

De 4. November 1889 ass déi 6,949 km laang Streck a Betrib geholl ginn an huet bis den 13. Oktober 1978 bestanen, zum Schluss allerdéngs nëmme méi fir Giddertransporter bis op Wilwerdang. De Persounentransport iwwer d'Schinn war duerch e groussherzogleche Beschloss vum 17. November 1950, duerch eng Autobuslinn ersat ginn. Den Uschloss un de belsche Reseau huet schonn zanter 1945 net méi funktionéiert, well do d'Brécken am Krich gesprengt gi waren, an ni méi gefléckt goufen.

Am Hierscht 2011 gouf ugefaangen eng Vëlospist um Tracé vun der aler Streck unzeleeën.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vëlospist PC21.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren