Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokumentarfilm aus dem Joer 2007. Fir den Natursteen, kuckt wgl. Bloe Steen (Natursteen).

bloë Steen - d'lëtzebuerger Schiferindustrie [sic] ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Tom Alesch aus dem Joer 2007.

Bloë Steen
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2007
Dauer 47 min[1]
Ekipp
Regie Tom Alesch
Fotografie Pol Linden
Musek Marc Mergen
Schnëtt Misch Bervard
Produzent CNA,
Centre de technologie de l'éducation
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Um Ufank vum 20. Joerhonnert waren d'Leekolle vun Uewermaartel déi zweetgréisst Industrie am Grand-Duché. Unhand vun Témoignage vun Zäitzeien, Filmopnamen a Fotoe vun deemools beschreift de Film, wéi an där Zäit Schifer ofgebaut a verschafft ginn ass. De Film probéiert e klengen Abléck an d'Aarbechtsconditiounen aus där Zäit ze ginn a gëtt mat Hëllef vun einfachen Animatiounen Informatioun iwwer d'Geologie.

Soss änneren

Schonn 1937 hat de René Leclère de Film Ardoises iwwer d'Aarbecht an den Uewermaarteler Schifergrouwe gedréint.

D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.

Den Erzieler vum Film ass de Marc Limpach.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://eshop.cna.public.lu/m/Articles/details/138%3BBloe%20Steen?rayon=DVD&famille=DOCUMENTAIRE