Travestie
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi schauspilleresch Travestie bezeechent d'Duerstellen vun enger Roll vu Persoune vum anere Geschlecht. Et handelt sech heibäi ëm eng duerstellend Konscht.
Eng vun den Travestierollen ass déi sougenannt Boxeroll.
An der Antiquitéit
ännerenAm anticke Griicheland goufen all Theaterrollen vu Männer gespillt. Un de verschiddene Maske konnt een d'Geschlecht vun de Personnagen erkennen.
Am réimeschen Theater duerften och Frae matspillen, allerdéngs hu se zu enger immens niddereger sozialer Schicht gehéiert, a goufe mat Prostituéierte gläichgestallt. Mä och de Schauspiller ass et deemools net besser ergaangen, se goufe mat onéierenhaft entloossenen Zaldoten, Déif a Bedréier gläichgestallt. Aner Schauspiller goufen awer grouss geéiert.
Am Mëttelalter
ännerenDéi fréi chrëschtlech Auteuren hunn an de Schauspiller eng Gefor gesinn, sou zum Beispill den Johannes Chrysostomos (349-407), dee géint Miminnen gaangen ass: Se wieren eng Gefor fir dat braavt chrëschtlecht Liewen. Mä och soss stoungen d'Chrëschten dem Theater éischter skeptesch géintiwwer. Den Theater huet sech bis an de Mëttelalter eran op Passiounsspiller beschränkt.