Lann zu Pëtschent
D'Lann zu Pëtschent steet an der rue de l'Eglise, am südlechen Ausgank vum Duerf.
Wéinst hirem imposanten Ausgesinn an och hirem Alter gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg an ass och op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert.
Hire gewaltege Stamm, dee bal komplett ausgehielecht ass, dréit zwéin Haaptäscht. Den Usaz vun engem fréieren drëtten Haaptaascht ass nach ze gesinn. Den Ëmfank vum Stammm, op Broschthéicht gemooss, huet sech follgendermoossen entwéckelt:
- 1958: 6,43 m
- ëm 2002: 6,87 m, bei enger Gréisst vun 18 m.
D'Kroun vun der Lann gouf e puermol staark zréckgeschnidden, soudatt si eng sougenannt Kapplann gouf.
De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, däerft awer 500 Joer erreechen. Domat ass dëse Bam, no der Wëller Lann zu Kënzeg, déi zweetdéckste Lann zu Lëtzebuerg.
Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Wanter- oder Summerlann ass.
InteressantesÄnneren
- 1962 schreift de Paul Modert (op Däitsch, hei iwwersat):
D'Lann ass komplett ausgehielecht. De Stamm steet op senger Récksäit op enger Breet vu 90 cm op, a bannenan hu sechs Erwuessener nieftenee Plaz. De Stamm besteet nëmme méi aus enger bis 20 cm décker Schuel, déi op enger Plaz duerch Kugelaschëss duerchlächert ass.
An der Ardennenoffensiv, déi grousse Schued am Duerf hannerlooss huet, gouf och d'Lann beschiedegt: hir Kroun gouf duerch Kugelen a Granaten zerrappt. Duerno ass si erëm kräfteg ausgeschloen.
Bis kuerz viru 1962 gouf et um Fouss vun der Lann e Pëtz, deen, wéi d'Waasserleitung geluecht gouf, zougeschott gouf. Vläicht sinn d'Wuerzele vun der Lann bis an de fréiere Pëtz era gewuess, fir sech mat Waasser ze versuergen.
QuellenÄnneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 126-127, Text an 2 Fotoen).
- Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 18 fir d'Lann zu Pëtschent, Text a Foto).
Kuckt ochÄnneren
- Déi dräi déckste Lannen zu Lëtzebuerg:
- Wëll Lann vu Kënzeg
- Lann zu Pëtschent
- Lann zu Suessem
FotoalbumÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Luxemburger Wort, 18. Oktober 2008, S. 42.