De Pit Hentgen, gebuer den 8. November 1961 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager.[1]

Pit Hentgen
Gebuer 8. November 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

Hie war am Lycée Michel Rodange an huet op der UCL zu Louvain-la-Neuve studéiert.

Seng berufflech Carrière huet 1985 bei der Banque générale du Luxembourg ugefaangen, wou en zéng Joer am Private Banking an am Asset Management geschafft huet.

Am Joer 1995 ass en du bei d'Versécherungsgesellschaft La Luxembourgeoise gewiesselt, an där seng Famill Aktionär ass an déi vu sengem Papp Robert presidéiert gëtt. 1998 gëtt de Pit Hentgen, als Successeur vum Gabriel Deibener, Generaldirekter vun der Luxembourgeoise. Am Joer 2002 iwwerhëlt hien och d'Presidence vum Verwaltungsrot als Successeur vu sengem Papp. Hien ass och an de Verwaltungsréit vun enger Rei Gesellschaften an deenen d'Luxembourgeoise Aktionär ass.

De Pit Hentgen koum 2002 an de Conseil vun der Lëtzebuerger Zentralbank[2], 2005 an de Verwaltungsrot vu Saint-Paul Luxembourg, 2008 an dee vu BIP Investment Partners, 2009 an dee vun der Fondation de Luxembourg an 2010 an dee vum ACL. Hien ass President vum Verwaltungsrot vun der Compagnie Financière La Luxembourgeoise, vun der Pecoma International, vu Lafayette, Vizepresident vun der ACA, vun der DKV Luxembourg, vu Lux-Croissance, vu Lux-Equity a Verwaltungsrotmember vum Asset Management vun der Spuerkeess, vum Commissariat aux Assurances, vu Luxconsult, vun Doctena, vu Vauban Participations a vun der Fondation Ste Zithe.


Referenzen änneren

  1. Le Quotidien: "Fiers d'être restés une entreprise familiale", Interview vun der Geneviève Montaigu mam Pit Hentgen, 7. November 2011, S. 2
  2. BCL, Bulletin 3/2002, S. 154 (http://www.bcl.lu/fr/publications/bulletins_bcl/Bull_2002_3/Bulletin_2002_3_chap_4.pdf)