Jean-Baptiste Sax

lëtzebuergesche Politiker

De Jean-Baptiste ("Batty") Sax, gebuer den 13. Oktober 1876 am Pafendall[1] an och do gestuerwen de 7. Mee 1950 am Alter vun 73 Joer[2] war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Jean-Baptiste Sax
Gebuer 13. Oktober 1876
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. Mee 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Rietspartei
Fonctioun Justizminister, Member vum Staatsrot
Gielercher Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne
Famill
Geschwëster Joseph Sax

Hien hat en Doktorat am Droit, a war noeneen Attaché am Justizminstère (1903), Friddensriichter zu Réiden op der Atert (1904), provisoresche Secrétaire-adjoint vum Staatsrot (1906), Distriktscommissaire vum Distrikt Lëtzebuerg (1910), Direkter vun der Steier-, Akzisen- a Kadasterverwaltung (1913).[3]

Hie war vum 6. November 1915 bis de 24. Februar 1916 Generaldirekter (Minister) fir Justiz an Interieur, fir e puer Wochen och fir Finanzen an Erzéiung, an der Regierung Loutsch.

Dono koum hien an d'Direktioun vu Steieren, Akzisen a Kadaster zeréck, fir schlussendlech, vum 3. Juni 1924 bis de 16. November 1945, Member vum Staatsrot ze ginn.[4]

De Batty Sax war de Brudder vum Joseph Sax.

Gielercher

änneren


Referenzen

änneren
  1. Gebuertsschäi vun der Stad Lëtzebuerg
  2. Doudesannonce vum Jean-Baptiste Sax am Wort vum 10. Mee 1950 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 23.12.2012.
  3. "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson." op industrie.lu.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de(n) 26.09.2011. Gekuckt de(n) 12.01.2013.
  6. (de)Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 08.08.2023.