Germaine Hoffmann

lëtzebuergesch Molerin

D'Germaine Hoffmann-Schmit, gebuer als Germaine Schmit den 28. Abrëll 1930 zu Osper, a gestuerwen den 21. Juli 2024[1], war eng lëtzebuergesch Molerin.

Germaine Hoffmann
Gebuertsnumm Germaine Schmit
Gebuer 28. Abrëll 1930
Osper
Gestuerwen 21. Juli 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Léopold Hoffmann
Kanner Frank Hoffmann

D'Germaine Hoffmann war Autodidaktin an huet eréischt mat ronn 40 Joer, um Enn vun den 1960er Joren ugefaange Konscht ze studéieren. Zéng Joer duerno huet se eng éischt Kéier bei enger Kollektivausstellung matgemaach. Si huet bei follgende Persoune geléiert: Raymond Weiland, Yola Reding, Ota Nalezinek, Marinković Ljubodrag-Penkin.

Si huet verschidde Materialien, déi si am Alldag fonnt huet, an hire Collagen an Assemblagë verschafft.

D'Germaine Schmit huet sech 1950 mam Schrëftsteller Léopold Hoffmann (1915 – 2008) bestuet[2]. Si war d'Mamm vum Regisseur Frank Hoffmann an d'Groussmamm vun der Kënschtlerin Sophie Jung.

Ausstellungen (Auswiel)

änneren

Eenzelausstellungen

änneren
  • 2020: Die Zeit ist ein gieriger Hund, zesumme mat hirer Enkelin Sophie Jung

Kollektivausstellungen

änneren
  • 2023: Deep Deep Down
  • 2023: 50 Joer Lëtzebuerger Konscht
  • 2022: Face à face
  • 2017: Fragments
  • 2016: Salon vum CAL
  • 2015: Salon vum CAL
  • 2015: Je est un(e) autre
  • 2014: Salon vum CAL
  • 2014: Diagonale 45
  • 2013: Salon vum CAL
  • 2013: Florilège. Les années 1980 dans la collection des P&T
  • 2012: Salon vum CAL
  • 2011: Salon vum CAL
  • 2010: Salon vum CAL
  • 2006: Bzzzzzz…Mouches

Gielchen an Auszeechnung

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 24. Juli 2024
  2. (fr)Mariages. Escher Tageblatt, 1950. Jg., nº 82, p. 12. (08.04.1950). Gekuckt de(n) 23.07.2024.
  3. Portrait vun der Germaine Hoffmann um Site vum Cercle Artistique de Luxembourg
  4. (en)Prix spécial du jury [Biennale d'art contemporain de Strassen]. Lëtzebuerger Konschtlexikon. Gekuckt de(n) 22.07.2024.
  • Quelle vum Artikel, wou net anescht uginn: Lëtzebuerger Konschtlexikon, wort.lu