Léon Moutrier
lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Léon Moutrier, gebuer den 10. Dezember 1872 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 13. Oktober 1940 an der Stad Lëtzebuerg[2] war e lëtzebuergesche Politiker.
Léon Moutrier | |
---|---|
Gebuer |
18. Dezember 1872 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
1940 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Diplomat, Politiker |
Vum 24. Februar 1916 bis den 19. Juni 1917 war hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur a fir den ëffentlechen Unterrecht (instruction publique) an der Regierung Thorn a vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 Generaldirekter vun der Justiz an dem ëffentlechen Unterrecht an der Regierung Kauffman.[3]
Hie war duerno vum 28. September 1918 bis den 21. Dezember 1936 Member vum Staatsrot.
De Moutrier war President vun der Chambre des comptes, e Poste fir deen d'Chamber hien am Oktober 1918 proposéiert huet.[4]
Gielercher
änneren- Grand officier vum Ordre de la Couronne (Promotioun 1922)[5]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1932)[6]
- Officier vun der Légion d'honneur (Promotioun 1919)[7]
Referenzen
änneren- ↑ Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 63.
- ↑ Luxemburger Wort 1940, Nr. 289 (15. Oktober), S. 8 (Doudesannonce)
- ↑ Thewes, G., 2006. Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 69 an 73.
- ↑ Luxemburger Wort 1918, Nr. 278/279 (5. Oktober), S. 2 (Kammer-Revue): Als alleiniger Bewerber um die Präsidentschaft, der Rechnungskammer war der frühere Generaldirektor, Herr Moutrier, aufgetreten. Er wurde mit 40 Stimmen bei 7 weißen Zetteln zum ersten Kandidaten proklamiert. [1]
- ↑ (fr)Les Fêtes Belgo-Luxembourgeoises de Bruxelles. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-01.
- ↑ Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen
- ↑ Le maréchal Foch à Luxembourg op der Säit 2 vu L'indépendance luxembourgeoise vum 15. Juni 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022