Léon Kinsch (1870-1954)

lëtzebuergesche Politiker an Deputéierten
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Léon Kinsch. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Léon Kinsch.


De Léon Kinsch, gebuer den 19. November 1870 zu Haassel a gestuerwen den 2. Dezember 1954 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Gemengepolitiker an Deputéierten (Rietspartei, CSV).

Léon Kinsch
Gebuer 19. November 1870
Haassel
Gestuerwen 4. Dezember 1954
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hien ass mat 17 Joer op Esch-Uelzecht geplënnert, wou e fir d'éischt am Biergbau, dunn op der Brasseurs-Schmelz geschafft huet. 1918 gouf en Obermeister op Belval.

1924 gouf en eng éischt Kéier an den Escher Gemengerot gewielt, an 1933 an d'Chamber.

Vun 1946 bis 1949 war hie Schäffen an enger KPL-CSV-Koalitioun zu Esch[2].

Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierten an d'Assemblée consultative genannt.

Gielchen änneren

Zu Lalleng gouf d'rue Léon Kinsch no him genannt. 49° 30’ 28.36’’ N 05° 58’ 57.77’’ O

Referenzen änneren

  1. De Léon Kinsch op luxracines.lu
  2. Joseph Flies: Das Andere Esch. Luxemburg 1979, S. 850.
  3. Memorial N°10 vum 10 Februar 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen