Längt (Physik)

physikalesch Gréisst
Physikalesch Gréisst: Längt
Formelzeechen
SI m
SI-Dimensioun L
cgs cm
cgs-Dimensioun L
Planck Planck-Längt
Planck-Dimensioun L
Astro lj, A.E., pc
Astro-Dimensioun L
Anglo in, ft., yd, mi, lea.
Anglo-Dimensioun L
Kuckt och Weelängt (s), Distanz (r), Héicht (h), Radius (r),
Duerchmiesser (d), Ëmfang (u), Wellelängt (λ)

D'Längt ass eng physikalesch Gréisst.

Si bezeechent d'Ausdeenung vu physikaleschen Objeten an hir Distanzen zueneen. Si ass iwwer Moossvirschrëften an d'Längtennorm definéiert. D'Formelzeechen vun der Längt ass de klenge Buschstaf , hir SI-Eenheet de Meter . Fir Weeër- a Boulängte gëtt als Formelzeechen benotzt.

Am Kader vum SI-Eenheetesystem ass d'Längt eng Basisgréisst, vun där aus aner Gréissten opgebaut ginn.

D'Längtemiessung gëtt mat Moossstief vun enger bekannter Längt gemaach. D'Längt vun Distanze vun zwéi Punkte respektiv vun engem Moossstaf gëtt an der klassescher Physik als konstant ugesinn. An der spezieller Relativitéitstheorie ass d'Längt awer ofhängeg vum relative Beweegungszoustand vum Observateur, et schwätzt ee vun enger relativistescher Längtekontraktioun.

Kuckt och änneren