D'Astronomesch Längt vun engem Punkt op der Äerduewerfläch entsprécht senger Geographesch Längt, betrëfft awer net seng Positioun, mä seng Loutrichtung. Si ass de Wénkel tëscht dem Meridianplang vun engem Punkt an dem Meridianplang zu Greenwich, a gläichermoossen d'Differenz vu béide Stärezäiten (Uertsstärezäit minus Greenwich-Stärezäit).

Den Numm "astronomesch" kënnt dohier, well si sech – wéi och d'astronomesch Breet – nëmmen duerch astronomesch Miessunge ("astr. Uertsbestëmmung") ermëttele léisst. Déi astronomesch Längt resp. Breet ënnerscheet sech vun der geographescher Längt resp. Breet ëm den Afloss vun der Loutofweechung. Dat Lescht stellt d'Ofwäichung vun de lokale Vertikale vun hirer idealer (duerch Bierger/Däller ongestéierten) Richtung duer.

D'Loutofweechung gëtt duerch d'Massenonreegelméissegkeeten vum Äerdkierper bedéngt a kann an den héije Bierger ongeféier 50″ (0,005°) erreechen (kuckt och Geoid). Hir Komponenten (Nord-Süd an Ost-West) gi meeschtens mat de Formelzeechen ξ an η bezeechent.

Tëscht der astronomescher Breet a Längt an hire geographeschen (besser: ellipsoideschen) Equivalente besteet d'Bezéiung

φ′ = φ + ξ an
λ′ = λ + η/cos φ

Fir eng genee Geoidbestëmmung brauch een d'Loutofweechung op méiglechst ville Plazen, an d'astronomesch Koordinaten φ′, λ′ sinn dat Hëllefsmëttel, fir se ze bestëmmen. Et sicht ee mat engem Universalinstrument (astronomeschen Theodolit) oder mat enger Zenitkamera den Duerchstousspunkt vun der verlängerter Loutlinn um Stärenhimmel ("astronomeschen" oder "richtegen Zenit"); seng Himmelskoordinaten (Rektaszensioun an Deklinatioun) loosse sech uschléissend direkt an d'Wäerter φ′, λ′ ëmrechnen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie