De Kusttram (hollännesch: kust = Küst) ass eng Tramslinn, déi all d'Uertschafte laanscht déi flämesch Nordmierküst matenaner verbënnt.

Kusttram
De Kusttram
De Kusttram
De Kusttram
Streckelängt:67 km
Catenaire:600 V
Aweiung: 1885 (1. Deel)
Linnen: Tram, Sneltram
Halten: 67
Haaptstreck
De Panne-Station (SNCB)
De Panne-Plopsaland
De Panne-Moeder Lambic
De Panne-Kerk
De Panne-Esplanade
De Panne-Centrum
De Panne-Golfstraat
Koksijde-Sint-Idesbald
Koksijde-Ster der Zee
Koksijde-Bad
Koksijde-Lejeunelaan
Oostduinkerke-Schipgat
Oostduinkerke-Bad
Oostduinkerke-Duinpark
Oostduinkerke-Groenedijk-Bad
Nieuwpoort-Zonnebloem


Nieuwpoort-Bad
Nieuwpoort-Ysermonde
Nieuwpoort-Cardijnlaan
Nieuwpoort-Stad


Lombardsijde-Schoolstraat
Lombardsijde-Zeelaan
Westende-Sint-Laureins
Westende-Bad
Westende-Belle Vue
Middelkerke-Krokodiel
Middelkerke-Verhaeghelaan
Middelkerke-Casino
Middelkerke-De Greefplein
Raversijde-Domein Raversijde
Oostende-Raversijde
Oostende-Ravelingen
Oostende-Mariakerke-Bad
Oostende-Northlaan
Oostende-Renbaan
Oostende-Koninginnelaan
Oostende-Marie-Joséplein
Oostende-Station (SNCB)
Oostende-Weg naar Vismijn
Oostende-Duin & Zee
Bredene-Aan Zee
Bredene-Campings
Bredene-Renbaan
De Haan-Vosseslag
De Haan-Preventorium
De Haan-Aan Zee
De Haan-Waterkasteellaan
De Haan-Zwarte Kiezel
Wenduine-Konijnenpad
Wenduine-Molen
Wenduine-Centrum
Wenduine-Manitoba
Wenduine-Harendijke
Blankenberge-Markt
Blankenberge-Station (SNCB)
Blankenberge-Pier
Blankenberge-Sealife-Floreal
Blankenberge-Duinse Polders
Zeebrugge-Strandwijk (SNCB)
Zeebrugge-Vaart
Zeebrugge-Kerk
Zeebrugge-Zeeluis
Heist-Dijk
Heist-Heldenplein
Heist-Duinbergen
Knokke-Watertoren
Knokke-Station (SNCB)

D'Streck änneren

Mat enger Längt vu 67 Kilometer an 67 Halten ass et déi längst Tramslinn weltwäit. D'Schinnen hunn eng Spuerbreet vun 1000 mm an d'Catenaire gëtt mat 600 Volt Gläichstroum bedriwwen.

D'Streck verleeft vun Adinkerke no bei der franséischer Grenz, iwwer De Panne, Nieuwpoort, Oostende, Blankenberge a Zeebrugge bis op Knokke-Heist op der hollännescher Grenz.

Tëscht Oostende a Middelkerke leeft d'Streck laanscht d'Nordmierplage, anerwäerts leeft se duerch d'Dünen oder op bebautem Terrain.

Uertschafte mat den Tarifzonen änneren

  • De Panne, Zone 1 (7 Halten)
  • Koksijde, Zone 2 (4 Halten)
  • Oostduinkerke, Zone 3 (4 Halten)
  • Nieuwpoort, Zone 4 (6 Halten)
  • Lombardsijde, Zone 5 (3 Halten)
  • Westende, Zone 5 (3 Halten)
  • Middelkerke, Zone 6 (4 Halten)
  • Raversijde, Zone 7 (1 Halt)

Betrib a Geschicht änneren

De Kusttram ass dat lescht Stéck vun engem Iwwerlandreseau vun der SNCV, déi vum Enn vum 19. Joerhonnert un, parallel zum Eisebunnsnetz, en Tramsnetz opgebaut huet.

Den 8. August 1886 gouf d'Streck Oostende-Nieuwpoort fäerdeggestallt, 1890 gouf se am Norde bis Knokke verlängert.

1909 gouf domat ugefaangen, d'Streck z'elektrifizéieren, a vun 1913 u konnt déi ganz Streck mat elektreschem Material befuer ginn.

1914 huet de Betrib missen ënnerbrach ginn, well d'Westfront vum 1. Weltkrich d'Streck bei Nieuwpoort gedeelt huet.

Nom Krich gouf d'Streck am Süde bis un de Bord vun De Panne gefouert, den Deel bis op d'Eisebunnsgare am Zentrum vun De Panne koum awer eréischt 1998 bäi.

Am Zweete Weltkrich war déi ganz Côte als Deel vum Atlantikwall eng militäresch Spärzon, wat zivil Aktivitéiten op der Plage onméiglech gemaach huet.

An den 1970er Joren huet d'Demande dunn, net zulescht wéinst de wirtschaftleche Krisen an dem Sproochesträit, ofgeholl. Et ass am Duerchschnëtt 1 Tram d'Stonn an all Richtung gefuer.

An den 1980er Jore gouf eng nei Generatioun vu Material agefouert, déi sougenannten LRV (Light Rail Véhicule). Zesumme mat verbesserte Präisstrukturen hu si fir méi Clienten um Tram gesuergt.

An den 1990er Joren sinn d'Touristenzuele wärend de Summerméint explodéiert, an et gouf ugefaangen, méi Gefierer ze kafen. Déi, déi schonn am Asaz waren, kruten donieft e Mëtteldeel bäi.

Well den Tram fir déi ganz Streck 2 Stonnen an 23 Minutte brauch, dovun 2 Minutten Openthalt zu Oostende, gouf 2007-2015 en neie Service mat Trammen agefouert, déi nëmmen op de wichtegsten Halten halen. Déi sneltrams, hunn zu Oostende Verbindung mat dem InterCity A a Richtung Eupen. Wärend am Wanter d'Trammen am 20-Minuttentakt fueren, fiert am Summer deelweis all 10 Minutten en Tram fort.

D'Societéit De Lijn déi de Kusttram bedreift, bedreift och d'Tramme vun Antwerpen a Gent, dowéinst si schonn dacks am Summer Trammen aus deene Stied op der Kusttram gefuer, fir den akute Manktem u sou Material ze kompenséieren.

Zukunft änneren

Am Kader vum Neptunusplan ass eng Verlängerung vun der Linn op Breskens an Holland a vu La Panne op Dunkerque a Frankräich geplangt.

Donieft sinn Tramslinnen an d'Hannerland geplangt, zum Beispill:

  • Zeebrugge–Brugge;
  • Oostende–Brugge;
  • Nieuwpoort–Diksmuide;
  • Koksijde–Veurne;
Streckeplang
En alen Tram am Joer 1982

Um Spaweck änneren

Commons: Biller vun der Kusttram – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
De Gleisplang vum Kusttram am Joer 1994