Blankenberge

belsch Gemeng

Blankenberge ass eng Uertschaft a Gemeng déi an der Belsch an der Provënz Westflandern, um Nordmier läit.

Blankenberge
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Provënz Westflandern
Arrondissement Bruges
Awunner 20.349 (1. Januar 2018)
Fläch 1.741
Koordinaten 51° 18’ 54.25’’ N
      03° 07’ 51.78’’ O
Telefonszon 050
Postcode 8370
Websäit https://www.blankenberge.be/

Geschichtleches änneren

An der Regioun ëm Blankenberge si Reschter vu Siidlungen aus prehistorescher Zäit fonnt ginn. Duerno war d'Regioun vun de Gallier, Réimer a Franke bewunnt.

Tourismus ass ëm 1750 opkomm, wéi déi éischt Bierger aus der räicher Handelsstad Bruges zu Blankenberge Vakanz gemaach hunn.

Transport änneren

Blankenberge läit op der Streck vum Kusttram, an huet 5 Tramhalten op där Streck. Donieft assuréiert d'SNCB e Stonnentakt mat InterCityzich.

Am Summer ass Blankenberge ënner der Woch den Terminus vun zwéin Zich vum InterCity J, sonndes an op Feierdeeg fiert de Lëtzebuerg-Blankenberge-Express.

Kuckeswäertes änneren

 
D'Gemengenhaus vu Blankenberge
 
D'Pier vu Blankenberge no der Renovatioun.
  • D'Kierch Sint-Antonius;
  • D'Kierch Sint-Rochus;
  • Dat fréiert Gemengenhaus am flämesche Renaissancestyl aus dem Joer 1680, dat eelst Gebai an der Gemeng;
  • D'Digue mat de stengen Trapen no all Richtung;
  • De Casino;
  • D'Pier, déi 2003 no längere Renovatiounen erëm opgoung;
  • D'Serpentarium, dat en Zoo mat nëmme Reptiller ass;
  • De Sea-Life Centre, wou een d'Ënnerwaasserfauna a -flora entdecke kann;
  • De Liichttuerm vu Blankenberge;
  • De Paravent am Hafen;
  • De Centre Belle Époque mat Ausstellungsstécker aus der Belle Époque zu Blankenberge.

bekannt Persoune vu Blankenberge änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Blankenberge – Biller, Videoen oder Audiodateien