Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski

sowjetesche Raumfaartpionéier

De Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski, gebuer 5.jul./ 17. September 1857greg. zu Ijewskoje a gestuerwen den 19. September 1935 zu Kaluga gëtt zu de Pionéier vun der Raumfaart gezielt. Hie war de Grënner vun der moderner Kosmonautik a gëllt als bekanntsten Amateurfuerscher op deem Gebitt. Säin technesche Wäitbléck gouf leider eréischt géint Enn vu sengem Liewe bekannt a war d'Ureegung fir vill spéider Wëssenschaftler an Techniker.

Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski
Gebuer 5. September 1857 jul.
Gestuerwen 19. September 1935
Kaluga
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Mathematiker, Erfinder, Schrëftsteller, Science-Fiction-Schrëftsteller, Physiker, Philosoph, Astronom, Wëssenschaftler, Kosmolog, Enseignant
Member vun Wëssenschaftsakademie vun der URSS
De Krater Tsiolkovsky op der Moundrécksäit – opgeholl vun Apollo 13

Liewen änneren

Den Ziolkowski gouf 1857 zu Ijewskoje am Gouvernement Rjasan als Jong vum polneschstämmegen orthodoxe Priister Edward Ciołkowski an enger Russin vun tatarescher Ofstamung mam Numm Marija Jumaschowa gebuer[1]. Am Alter vun zéng Joer gouf hie wéinst enger Scharlacherkrankung bal daf an huet d'Schoul misse verloossen. Hien huet sech dunn autodidaktesch weidergebilt a gouf vu senger Famill op Lomonossow-Universitéit vu Moskau geschéckt. Do huet hien du Physik, Astronomie, Mechanik a Geometrie studéiert.

No dräi Joer huet säi Papp en nees heemgeholl. Dono huet hien a senger Heemecht Coursen a Mathematik an a Physik ginn, bis hien 1882 als Mathematikprofessser an d'Kreesschoul vu Borowsk am Gouvernement Kaluga koum. An der Tëschenzäit war hie bestuet a Papp ginn. Wärend der russescher Revolutioun hat hie sech ganz zeréckgezunn.

Vu Science-Fiction-Literatur an den Erzielunge vum Jules Verne ugereegt, huet den Ziolkowski selwer ugefaange Geschichten iwwer interplanetar Raumfaart ze schreiwen. Doran huet hien ëmmer méi physikalesch an technesch Problemer afléisse gelooss an huet sech dobäi zum Verfaasser vun theoreeteschen Ënnersich entwéckelt. Zanter 1885 hat hien eng gréisser Zuel vun Iwwerleeungen opgestallt fir Realiséiere vu Raumflich, hat seng Gedanken dobäi och bei Ganzmetallloftschëffer.

1886 hat den Ziolkowski d'Studie Teorija i opyt aerostata (Theorie an Experienz vun engem Loftschëff) publizéiert, där 1892 d'Aerostat Metallitscheski (Theorie vun engem Ganzmetall-Loftschëff) gefollegt ass. An den 1880er Joren hat hien e Konzept fir Ganzmetallloftschëffer entwéckelt, wat an den 1930er Joren als ZMC-2 ëmgesat gouf. Bis zu sengem Doud hat hie 35 Bicher, Artikelen a Schrëften iwwer Loftschëffer publizéiert.

1895 hat hien e Weltraumtuerm an e Weltraumlift virgeschloen.

An engem Zëmmer vu senger Wunneng hat hien den éischte russesche Wandkanal gebaut an hat d'Loftwiderstänn vu verschiddenen Objete bestëmmt. Méi a méi huet hie sech dunn och der Rakéitefuerschung zougedréit. Hien hat erkannt, datt déi bis elo fir Feierwierker a militäresch Zwecker benotzt Feststoffrakéiten ze schwaach sinn, fir de Weltraum z'erreechen. Dofir hat hien de Gebrauch vu flëssege Rakéitendreifstoffer (Waasserstoff, Sauerstoff a Kuelewaasserstoff) virgeschloen.

D'Glanzleeschtung vu senger Aarbecht war d'Rakéitegrondequatioun, déi hien 1903 an der russescher Zäitschrëft Nautschnoje obosrenije ("Wëssenschaftlech Rondschau") ënner dem Titel Erfuerschung vum Weltraum mat Reaktiounsapparater publizéiert. Nieft Aarbechten iwwer d'Flëssegkeetsrakéitendreifwierk, d'Kille vun der Brennkummer an der Steierung vun der Rakéit mat Stralrudder a Kreeselsteierung hat hie mat der Rakéitegrondequatioun och de Prinzip vun der Méistuferakéit op eng wëssenschaftlech Basis gestallt. Hien hat sech och mat Froen vum Betrib vu Raumstatioune befaasst, der industrieller Ausnotzung vum Weltraum an der Ausnotzung vu senge Ressourcen.

Nach kuerz viru sengem Doud war den Ziolkowski un der Produktioun vum sowjetesche Science-Fiction-Film Kosmitscheski Reis (ltz: "Kosmesch Rees") bedeelegt; e puer Filmzeene goufen a sengem Institut gedréit.

Bedeitung an Éierung änneren

Mat sengen Iddie war den Ziolkowski a visionärer Weis senger Zäit viraus. Am Zaristesche Russland gouf hie leider net genuch beuecht.

Eréischt bei der Publikatioun vum Hermann Oberth sengem Buch Die Rakete zu den Planetenräumen vun 1923, wat breet international Resonanz ausgeléist hat an als eigentleche Gebuertsdatum vun enger wëssenschaftlecher Beschäftegung mat Rakéitentechnik a Weltraumfaart, déi ëmmer mé grouss gouf, gëlle kann, erënnert sech de russesch-däitschen Auteur Fridrich Arturowitsch Zander (dacks och Friedrich Zander genannt) nees un en Zeitungsartikel, deen hie fréier gelies hat. Hie koum a Kontakt mam Ziolkowski an hat e Buch iwwer hien a seng Aarbechten publizéiert, wouduerch den Ziolkowski engem méi breede russeschen an och internationale Publikum bekannt gouf.

Am politesche System vun der Sowjetunioun hunn d'Aarbechte vum Ziolkowski elo Unerkennung an Ënerstëtzung fonnt. Seng Gedanke goufen ausserordentlech populär. Sou entsprécht d'Raumschëff, am Roman Aëlita vum Schrëftsteller Alexei Tolstoi, bal ganz de Virstellunge vum Ziolkowski.

Zesumme mam Hermann Oberth a Robert Goddard gëllt den Ziolkowski als Virdenker a Pionéier vun der Raumfaart. Seng béid lescht Publikatiounen sinn: Album der kosmischen Reisen vun 1932 an Die höchste Geschwindigkeit bei Raketen vun 1935. Et war him awer net vergonnt, déi praktesch Ëmsetzung vu sengen Iddien z'erliewen. Den Ziolkowski prognostizéiert den Ufank vun der Raumfaart fir 1950 (tatsächlech 1957, kuck Sputnik) an den éischte Mënsch am Weltall fir 2000 (tatsächlech 1961.

Zu Éiere vum Ziolkowski goufen e Moundkrater Krater op der äerdofgedréiter Säit souwéi en Asteroid (1590) Tsiolkovskaja no him genannt. Säi fréiert Wunnhaus zu Kaluga asst haut e Museum. D'Sowjetunioun hat fir un hien z'erënneren am Joer 1987 fir säin 130. Gebuertsdag aus engem Koffer-Néckel-Alliage eng 1-Rubel-Mënz mat engem Gewiicht vun zirka 17 Gramm an engem Duerchmiesser vun 31 Millimeter klappe gelooss. Déi russesch Stad Uglegorsk gouf am Joer 2015 op Initiativ vum Wladimir Putin an Ziolkowski ëmbenannt. Zu DDR-Zäiten hat déi 6. Polytechnesch Uewerschoul am Berliner Staddeel Marzahn säin Numm, gouf awer no 1990 ëmgenannt.

Wierker änneren

Op däitsch publizéiert Science-Fiction-Wierker:

  • Auf dem Monde: Eine phantastische Erzählung (Originaltitel: Na lune, iwwersat vum Ena von Baer), (= Das neue Abenteuer, Band 80), Neues Leben, Berlin (Ost) 1956.
  • Ausserhalb der Erde: ein klassischer Science-fiction-Roman von Konstantin Eduardovič Ciolkovskij, mit einer Einführung zum Leben und Werk des berühmten russischen Raketen- und Raumfahrtpioniers und erklärende Anmerkungen zum Text von Winfried Petri sowie eigenhändigen Skizzen des Autors (Originaltitel: Vne zemlji, däitsch Iwwersetzung vum Winfried Petri). Heyne, München 1977, ISBN 3-453-30448-9.
  • Leiden und Genie (1916), Die ideale Lebensordnung (1917), Das Genie unter den Menschen (1918), Das lebende Universum (1918), Die Organisation der Menschen auf der Erde (1918), Die Abstufung von Gesetzen für Gemeinschaften unterschiedlicher Kategorien (1919), Neue Erkenntnissphären (1931–1933), Die kosmische Philosophie (1935). In: Boris Groys, Michael Hagemeister (Hrsg.): Die Neue Menschheit. Biopolitische Utopien in Russland zu Beginn des 20. Jahrhunderts (= stw 1763), Suhrkamp, Frankfurt am Main 2005, S. 236–390, ISBN 978-3-518-29363-8.

Literatur änneren

  • Thomas Bührke: Lift – off. Die Geschichte der Raumfahrt. Berlin-Verlag, Berlin 2008, ISBN 3-8270-5260-2.
  • Nikola Stilijanov Kalicin: Weltraumflüge von Tsiolkowski bis Gagarin. VEB Fachbuchverlag, Leipzig 1961.
  • Arkadij Aleksandrovič Kosmodemjanski: Konstantin Eduardowitsch Tsiolkowski (= Biographien hervorragender Naturwissenschaftler, Techniker und Mediziner, Band 43), herausgegeben von D. Goetz, deutsche Übersetzung von Hans Dietrich, Mir, Moskau / Teubner BSB, Leipzig 1979.
  • Karl Rezac: Der verrückte Erfinder oder wie sich das Leben des Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski durch eine Haussuchung veränderte, Illustrationen von Eberhard Neumann. Kinderbuchverlag, Berlin (Ost) 1973.
  • Brian M. Stableford, John Clute: Tsiolkovsky, Konstantin. In: John Clute, Peter Nicholls: The Encyclopedia of Science Fiction. 3. Oplo (Online-Editioun), Versioun vum 4. Abrëll 2017.
  • Peter Stache: Sowjetische Raketen im Dienst von Wissenschaft und Verteidigung. Militärverlag der DDR, Berlin (Ost) 1987, ISBN 3-327-00302-5.
Biographesche Roman

Um Spaweck änneren

Commons: Konstantin Eduardowitsch Ziolkowski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Zdzisław Brodzki: Lotnictwo. Verlag WNT, Warschau 1979, ISBN 83-204-0005-8