Tsiolkovskiy (Moundkrater)

Moundkrater

Den Tsiolkovskiy ass e grousse Krater op der äerdofgedréiter Säit vum Äerdmound.

Tsiolkovskiy
De Krater Tsiolkovsky
Koordinaten 20°22'48"S, 128°58'12"O
Duerchmiesser 184 km
Selenographesch Längt 235° bei Sonnenopgank
Genannt no K. E. Ziolkowski
Genannt am Joer 1961
Moundvéiereck LQ22
De Krater Tsiolkovskiy, Foto: Apollo 15

Den hellen Zentralbierg an de Kraterrand maachen en opfällege Kontrast mam donkle Kraterbuedem. De Kraterrand ass wéinst gerutschte Ramplien e bëssen eckeg. De bannenzege Rampli ass terrasséiert. De Kraterbuedem ass mat basaltescher Lava opgefëllt, déi méiglecherweis am Laf vun e puer 100 Millioune Joer aus dem Moundkär erauskoum. Well bis haut keng Buedemprouwe vun der Récksäit ënnersicht konnte ginn, ass eng genee Altersschätzung schwiereg. Allerdéngs gëtt wéinst der opfälleger donkler Buedemfaarf a gerénger Kraterdicht ugeholl, datt den Tsiolkovskiy-Krater genee wéi d'Mare Moscoviense méi jonk ass wéi déi grouss Maren op der äerdzougedréiter Säit. Den zentrale Biergmassiv ass iwwer e puer dausend Meter méi héich wéi d'Flaachland.

Den Tsiolkovskiy op Biller vun der sowjetescher Moundsond Lunik 3, déi am Joer 1959 fir d'éischt Biller vun der Récksäit vum Äerdmound gesent hat, entdeckt. E gouf am Joer 1961 nom russesche Rakéitepionéier Konstantin Ziolkowski (1857–1935) genannt. Déi haiteg Schreifweis mat Ts amplaz Z ass, kënnt wéi bei alle Strukturen um Äerdmound vum Laténgeschen hier.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
W 16,05° S, 126,83° O7 12 km [1]
X 14,74° S, 126,42° O7 12 km [2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tsiolkovskiy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren