Äerdfunkplaz

Eng Äerdfunkplaz ass no der Definitioun vun der internationaler Telekummunikatiounsunioun[1] eng Funkplaz, déi entweeder op der Äerd oder zum gréissten Deel an der Äerdatmosphär läit, an déi dozou bestëmmt ass,

  • mat enger oder méi Weltraumfunkplazen oder
  • mat enger oder méi Funkplazen vun der selwechter Aart iwwer een oder méi Satellitten déi reflektéieren oder aner Weltraumkierper

de Radioverkéier ofzewéckelen.

Normalerweis hunn Äerdfunkplaze Parabolantenne fir den Empfank vu Radiowelle respektiv d'(Funk-)Ausstralung vu Radiowellen iwwer Satellite-Fudderverbindungen (engl. feeder links) an definéierte Radiofrequenzberäicher, déi dem betreffende Radiodéngscht zougewise sinn an an deenen d'Äerdfunkplaz op d'mannst eng Funkfrequenz vun der zoustänneger Frequenzverwaltung krut. Déi Antennen hu grouss Antennegewënner, sinn am Azimutwénkel an am Elevatiounswénkel fräi beweegbar, ginn exakt op e geostationäre Satellit ausgeriicht, kënnen awer och der Äerdëmlafbunn vu Satellitten nofollegen.

Änlech TheemenÄnneren

  • Radioteleskope gläichen de Parabolspigele vun den Äerdfunkplaze, sinn awer reng Empfänger (bei Radarastronomie och Sender) fir d'Observatioun vu verschiddenen Objeten am Weltraum.
  • Satellittestatioune gi bei der geodetescher Observatioun vu kënschtlechen Äerdsatellitte gebraucht.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. VO Funk, Ausgabe 2012, Artikel 1.63