Lëscht vun de Kinneke vu Sizilien
Dës Lëscht vun de Kinneke vu Sizilien ass en Deel vun de Referenztabellen.
D'Kinnekräich Sizilien huet sech an der Vergaangenheet aus verschiddene geographeschen Zonen zesummegesat, déi net ëmmer identesch bliwwe sinn. D'Kinneke vu Sizilien hunn also net alleguer iwwer de selwechten Territoire regéiert.
Geographesch ass Sizilien eng dräieckeg Insel am Südoste vun Italien. D'Kinnekräich, wat dësen Numm gedroen huet, huet sech awer iwwer d'Grenze vun der Insel eraus ausgebreet.
Bis zum 11. Joerhonnert war Sizilien zanter 4 Joerhonnerten ënner mosleemescher Dominatioun. Normannesch Grofen aus der Famille vun den Hauteville hunn d'Insel eruewert, a sech Grofe vu Sizilien genannt. De Grof Roger II. huet d'normannesch Grofschafte vun Italien ageholl (Apulien, Kalabrien, Capua, Benevento) a krut 1130 vum Poopst den Titel Kinnek vu Sizilien, Apulien, der Lombardei an Afrika, wat d'südlech Hallschent vun Italien an d'Insel Sizilien war. D'Kinnekräich ass duerno duerch Bestietnes un d'keeserlech Famill vun den Hohenstaufen iwwergaangen.
1266 huet de Poopst, dee sech mat den Hohenstaufen zerstridden hat, dem Manfred d'Kinnekräich ewechgeholl, an de Charles vun Anjou op den Troun gesat. Bei der Sizilianescher Vesper 1282 koum et zu engem Opstand an d'Kinnekräich gouf an zwee gespléckt. All Kinnek huet sech selwer als legitim ugesinn, an den Titel Kinnek vu Sizilien weider gedroen:
- d'Insel Sizilien, déi a mëttelalterlechen Texter och Sizilien ["di là dal Faro"] genannt gëtt, mat der Haaptstad Palermo. Fir dësen Deel vum Kinnekräich gëtt den Numm Kinnekräich Sizilien benotzt.
- den Deel vum Kinnekräich op der italieenescher Hallefinsel, och Sizilien ["di qua dal Faro"] genannt, mat der Haaptstad Neapel. D'mëttelalterlech Historiographie huet dësen Deel och "Regnum apuliae" oder "Regno di Puglia" genannt, an der moderner Historiographie gëtt meeschtens den Ausdrock Kinnekräich Neapel benotzt. Dëst war och den offiziellen Numm um Ufank vum 19. Joerhonnert, ënner der Herrschaft vun den zwéi Kinneken déi den Napoleon Bonaparte do installéiert hat.
No der Napoleonescher Ära goufen déi zwee Kinnekräicher nees verbonnen, et schwätzt een elo vum Kinnekräich vu béide Sizilien.
WopenÄnneren
Grofe vu Sizilien (1062-1130)Änneren
Normannesch Dynastie vun HautevilleÄnneren
- 1062-1085: Robert Guiscard, Jong vum Tancrède vun Hauteville
- 1085-1101: Roger I., Brudder vum Rober Guiscard.
- 1101-1105: Simon, Jong vum Roger I.
- 1105-1154: Roger II., Brudder vum Simon.
- 1130 krut de Roger II. d'Kinneklech Investitur vum Géigepoopst Anaklet II..
Kinneke vu Sizilien (1130-1282)Änneren
- 1130-1154: Roger II.
- 1154-1166: Guillaume I. de Schlechten, Jong vum Virgänger.
- 1166-1189: Guillaume II. de Gudden, Jong vum Virgänger.
- 1190-1194: Tancrède vu Lecce, Baaschtert an Enkel vum Roger II.
Zesumme mam Tancrède hu seng zwee Jonge regéiert:
Dynastie vun den HohenstaufenÄnneren
- 1194-1197: Heinrich I., Keeser ënner dem Titel Heinrich VI.
- 1197-1250: Friedrich I., Keeser ënner dem Titel Friedrich II.
Zesumme mat him huet säin eelste Jong regéiert:
- 1212-1235: Henri II., och Réimesch-däitsche Kinnek ënner dem Titel Heinrich VII.
- 1250-1254: Konrad I., och Réimesch-däitsche Kinnek ënner dem Titel Konrad IV.
- 1254-1258: Konrad II., Jong vum Konrad I.
- 1258-1266: Manfred I., Baaschtert vum Friedrich II.
Kapetengesch Dynastie vun AnjouÄnneren
- 1266-1282: Charles I., och Grof vun Anjou, agesat vum Poopst.
- 1282, bei der Sizilianescher Vesper, gëtt hie vum Inseldeel vum Kinnekräich verdriwwen.
Deelung vun de Kinnekräicher (1282-1442)Änneren
Kinnekräich Sizilien (Insel)ÄnnerenHaaptstad: Palermo Haus Barcelona-AragónÄnneren
Haus TrastamareÄnneren
|
Kinnekräich Sizilien (Festland)ÄnnerenHaaptstad: Neapel Éischt Dynastie vun AnjouÄnneren
Haus Anjou-DurazzoÄnneren
Zweet Dynastie vun AnjouÄnneren
| |
Kinnekräich vu béide Sizilien (1442-1458)Änneren
Deelung vun de Kinnekräicher (1458-1504)Änneren | ||
Kinnekräich Sizilien (Insel)Änneren |
Kinnekräich Sizilien (Festland)Änneren
| |
Kinnekräich vu béide Sizilien (1501-1714)Änneren
HabsburgerÄnneren
BourbonenÄnnerenDeelung vun de Kinnekräicher (1713-1720)Änneren | ||
Kinnekräich Sizilien (Insel)ÄnnerenHaus SavoieÄnneren |
Kinnekräich Sizilien (Festland)ÄnnerenHabsburgerÄnneren | |
Kinnekräich vu béide Sizilien (1720-1799)Änneren
Haus Bourbon-SizilienÄnneren
Deelung vun de Kinnekräicher (1806-1815)Änneren | ||
Kinnekräich Sizilien (Insel)Änneren |
Kinnekräich NeapelÄnneren
| |
Kinnekräich vu béide Sizilien (1815-1860)Änneren
1860 gouf d'Kinnekräich vum Garibaldi eruewert, an huet zum Kinnekräich Italien gehéiert. |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kings of Sicily – Biller, Videoen oder Audiodateien |