Jean Soupert
lëtzebuergesche Rousenziichter
De Jean Soupert, gebuer den 20. Februar 1834 zu Dummeldeng an der deemoleger Gemeng Eech, gestuerwen de 17. Juli 1910 um Lampertsbierg[1] an der deemoleger Gemeng Rollengergronn, war e Rousenziichter.
Jean Soupert | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1834 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
17. Juli 1910 Lampertsbierg |
Aktivitéit | Rousenziichter |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Marie Notting |
1855 huet hien, zesumme mam Pierre Notting, d'Rousenziichterei Soupert & Notting gegrënnt.
Änneren
De 27. September 2010 huet d'Lëtzebuerger Post eng Serie vun dräi Timbere mat lëtzebuergesche Perséinlechkeeten erausginn, dorënner ee vun 0,90 Euro mat engem Portrait vum Jean Soupert.[2]
Nom Jean Soupert benanntÄnneren
- Eng Strooss rue Jean Soupert um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg (PLZ 2541)
ReferenzenÄnneren
- ↑ Stierfakt 1910/21 vun der Gemeng Rollengergronn
- ↑ Den Timber mat dem Jean Soupert op der Websäit vun der Post (de)