Kallekiewe vu Rëmeleng


D'Kallekiewen zu Rëmeleng si fréier Iewen, an deene Kallek gebrannt gouf, an der Gemeng Rëmeleng

Kallekiewe Rëmeleng
déi zwéin Iewen, l. de vun 1950, r. dee vun 1921
Land Lëtzebuerg
Plaz Rëmeleng
Adress Kierchbierg
Koordinaten 49° 27’ 39’’ N 6° 01’ 26’’ O
Baustil Industriell
Statut Klasséiert Monument (NM), (INPA)
Datum vum Bau 1929, 1950
Proprietär Stad Rëmeleng

Et sinn zwou industriell Konstrukiounen. Den ee gouf 1929 gebaut, an den aneren 1950.[1] An hinne gouf Kallek vun der fréierer Minière Berens, do wou haut d'Cité Kierchbierg ass, gebrannt.

Zanter d'Firma MBR vum Berens 1960 faillite goung, sinn d'Iewen ausser Betrib. Den 2. Dezember 1988 goufen d'Iewen, mam Terrain ronderëm, als national Monumenter klasséiert.[2]

1990 gouf et e Renovéierungsprojet, deen deemools 8,9 Millioune Lëtzebuerger Frang kascht hätt. Ma e gouf net realiséiert, grad esou wéineg wéi en aneren, fir 15 Millioune Frang, bei deem d'Gebai an der Entrée vun der Cité Kierchbierg, wou d'Preparater fir d'Iewe virbereet goufen, hätt sollen an en Ausstellungsraum ëmgebaut ginn.[1]

Zanterhier delabréieren d'Gebaier. Am Februar 2020 ass eng Bëtongsbréck fir bei eent vun de Gebaier an e Koup gefall.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Nicolas Anen: "Historische Kalköfen am Zer­bröckeln." wort.lu, 11.03.2020.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).