Uergel Kierch Trënteng

D'Uergel an der Trëntenger Kierch ass aus dem Joer 1878 a staamt vun der Uergelmanufaktur Dalstein & Haerpfer vu Boulay a Loutrengen, wat deemools zu Däitschland gehéiert huet. Well et déi eenzeg Dalstein & Haerpfer Uergel am Lëtzebuerger Land ass, déi nach am Orginalzoustand ass, gouf se den 23. August 2000 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Uergel an der Trëntenger Kierch
vum Chouer aus gekuckt

Si huet 17 Regësteren, verdeelt op 2 Manualer a Pedall.

Well d'Uergel zanter enger Rei vu Joren, wéinst dem schlechten Zoustand net méi konnt gespillt ginn, koum d'Iddi op, se restauréieren ze loossen. Een éischten Uergelkommitee hat 1999 d'Initiativ ergraff fir d'Uergel auszebauen. Leider konnt kee Konsenz mam Kulturministère fonnt ginn an de Veräin huet sech erëem opgeléist. Am Mäerz 2007 goufen dunn "Trëntenger Uergelfrënn a.s.b.l." gegrënnt. Si hu sech agesat fir eng Restauratioun am Sënn vum Erbauer vun der Uergel.

Vum Oktober 2007 bis Dezember 2007 gouf d'Uergel vun der Uergelmanufaktur Hugo Mayer vun Heusweiler am Saarland restauréiert. Se gouf de 25. Mee 2008 nei ageweit.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Uergel Kierch Trënteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).