Kierch Kéiber
kathoulesch Kierch an der Gemeng Groussbus-Wal
D'Kierch zu Kéiber ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() D'Kierch vu Kéiber (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Kéiber | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Lukas | |||
Baujoer | 1786 | |||
Koordinaten | 49° 52’ 12.1’’ N 05° 54’ 08.9’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Lukas, deem säi Fest den 18. Oktober gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Haaptstrooss (rue Théodore Welbes), dem CR306, nieft der Schoul. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Randschelt hunn ausser der Filialkierch vu Kéiber och nach d'Parkierch vu Randschelt, d'Kapell vun Heeschpelt an d'Filialkierch vu Gréiwels gehéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Kéiber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Groussbus, Osper
- Websäit vum fréiere Parverband Groussbus
- D'Fënstere vun der Kierch vu Kéiber op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch aus westlecher Richtung gesinn
-
Agangsportal