Haupeschkierch zu Peppeng

(Virugeleet vu(n) Kierch Peppeng)

D'Haupeschkierch zu Peppeng war eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Réiser gehéiert huet.

Haupeschkierch vu Peppeng
Peppenger Kierch (2013)

Peppenger Kierch (2013)
Peppenger Kierch (2013)
Uertschaft / Plaz Peppeng
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Desakraliséiert 16.9.2021
Koordinaten 49° 31’ 26.2’’ N
      06° 07’ 39.3’’ O
Kierchen - Kapellen
Den Agank vun der Kierch

De Patréiner war den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op engem Terrain tëscht der rue St. Benoît, der rue de l'Église an der rue de la Montagne. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

De 6. November 2020 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Réiser huet ausser der Filialkierch vu Peppeng och nach d'Parkierch vu Réiser gehéiert.

D'Kierch gouf duerch en äerzbëscheeflecht Dekreet vum 16. September 2021 entweit.[2]

Geschicht änneren

Der So no wier déi éischt Kapell zu Peppeng am 8. Joerhonnert vum Pippin dem Kuerzen, deen nawell gär dohi joe komm wier, gestëft ginn.

714 wier den hellege Willibrord e puermol zu Peppeng gewiescht. Eng Kapell gëtt fir d'éischt am 9. Joerhonnert ernimmt.

Vun 1350 u gehéiert Peppeng zur Par Réiser, d'Kapell ass dem Apostel Péitrus geweit. Vun 1803 bis 1808 gehéiert Peppeng da kuerz zur Par Beetebuerg, fir duerno nees eng Filial vu Réiser ze ginn. Elo gëtt den hellegen Haupert Patréiner vun der Kapell.

1808 gëtt duerch e Feier net nëmmen d'Kaplounshaus, mä och d'Kapell schwéier beschiedegt. Sou gëtt decidéiert eng nei Kierch opzeriichten. Déi steet dann 1840 fäerdeg do, mäi et stellt sech séier eraus, datt beim Bau gehéiereg Schmu gemaach gouf an datt d'Gebai riskéiert all Abléck an e Koup ze falen. Sou hu misse Stabiliséierungsaarbechten duerchgefouert ginn an déi nei Kierch kann eréischt 1850 sécher benotzt ginn.

D'Waarden huet sech gelount, well an der Tëschenzäit konnt de fréieren Héichaltor aus der Méchelskierch vum Fëschmaart kaaft ginn. 1896 da setzt d'Firma Linster vu Munneref faarweg Fënsteren an.

Vun 1927-1929 steet eng gréisser Renovatioun an d'Haus. Sou ginn ënner anerem d'Molereien am Kierchechouer restauréiert.

No der Liturgiereform gëtt 1979 e "Volleksaltor" an de Chouer gestallt. Deen ass aus den ale Kierchebänken zesummegezammert ginn.

Quell änneren

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haupeschkierch zu Peppeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  2. Kirchlicher Anzeiger 5-2021